De Mouvement Ecologique kritiséiert, d'Visioune vum Entworf zur Landesplanung géifen net der Realitéit entspriechen. Déi grouss Fro wier et fir dësen Ecart ze iwwerwannen.
A ville Punkte wier ee Realitéitscheck néideg gewiescht, dee gouf awer net gemaach, kritiséiert d'Presidentin Blanche Weber:
"Hu mir wierklech genuch Waasserreserven, fir an déi do Richtung ze goen? Hu mir wierklech genuch Land? Kréie mir de Verkéier wierklech organiséiert?"
De "Stresstest", ob genuch Waasserreserven do wieren, wier awer ni gemaach ginn.
De Wuesstem an der Kritik
An hirem Avis gräift de Mouvement Ecologique och de Wuesstem op. Sou géif den Entworf zur Landesplanung zu kengem Ament analyséieren, ob eng nohalteg Entwécklung vun eisem Land iwwerhaapt mam stännege Populatiouns- a Wirtschaftswuesstem vun eisem Land ënnert een Hutt ze kréien ass, seet d'Blanche Weber:
"Mir wëllen ze vill beieneen. Mir wëllen ee Paradigmewiessel, wéi mir zesummeliewen. Mir wëllen eng aner Partnerschaft mat de Gemengen. Mir wëlle Ministèren, déi méi zesumme schaffen. A mir wëlle wuessen. Dat ass e bëssen ze vill beieneen."
Eng national Debatt
Luewenswäert fënnt de Mouvement ënner anerem, datt d'Zesummenaarbecht an der Grenzregioun verbessert soll ginn an ee verstäerkt op d'Revitaliséierung vu Stad- an Duerfkäre setzt.
Trotzdeem bréicht Lëtzebuerg eng national Debatt zum Theema Landesplanung. D'Hoffnung beim Mouvement ass et, datt dëst am Kader vun de Chamberswalen nächst Joer eventuell geschéie wäert.