Den Enrico Lunghi fänkt den 18. Januar op senger neier Platz beim SCRIPT un. Beim "Service de Coordination de la Recherche et de l’innovation pédagoques et technique" gëtt de fréiere MUDAM-Direkter zoustänneg fir de Beräich "Educatioun à et par la culture". Dozou kéint zum Beispill gehéieren, fir een Aktiounsplang auszeschaffen a Visitë vu Kënschtler a Schoulen z’organiséieren.
Dat huet den Direkter vum SCRIPT Luc Weis eis op Nofro hi gesot. Déi definitiv Decisioun, datt den Enrico Lunghi Chargé de Mission gëtt, wier eréischt an de leschten Deeg gefall.
De SCRIPT beschäftegt eng 60 Leit dorënner eng 40 detachéiert Enseignanten.
D’Wochenzeitung Lëtzebuerger Land hat de 6. Januar geschriwwen, datt den Enrico Lunghi am Service vum Educatiounsministère schafft. Wéinst der Affär Lunghi-RTL hat hien als MUDAM-Direkter demissionéiert.