De fréiere MUDAM-Direkter Enrico Lunghi huet - eisen Informatiounen no - e Freideg eng Plainte géint Onbekannt deposéiert. Ufank Dezember hat et geheescht, datt den Enrico Lunghi wéinst Ruffschiedegung Schuedenersatz vum RTL-Mammenhaus CLT-UFA wéilt fuerderen.
An engem oppene Bréif vu Mëttwoch 28. Dezember, deen eis virläit, explizéiert den Enrico Lunghi, datt hie juristesch Schrëtt géint d’Auteure vun der "infamie" wéilt ënnerhuelen, net fir sech ze rächen, mee fir seng Éier ze retabléieren. Hie schreift vu "pratiques ignobles et malhonnêtes".
RTL-Reportage am Viséier
Et geet ëm d’Aart a Weis, wéi ee Bäitrag an der RTL-Emissioun "Den Nol op de Kapp" vum 3. Oktober montéiert war a wéi den Enrico Lunghi doran duergestallt gouf. Gewise goufe Biller aus engem RTL-Interview, an deem den Direkter vum MUDAM d'Nerve verluer hat.
Am oppene Bréif vu gëschter kënnegt den Enrico Lunghi un, datt hie wéilt versichen, op enger anerer Plaz an der Lëtzebuerger Kulturzeen nëtzlech ze sinn. Den Enrico Lunghi war vun 2009 bis gëschter Direkter vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean. Enn Oktober hat hie seng Demissioun ugekënnegt.