Radioen

On air

De Moien  |  Hannah Ida - East Of Eden Feat. Florian Van Kooy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng "Vogelstraußpolitik" vun der Regierung

Wirtschaftspolitik

Eng "Vogelstraußpolitik" vun der Regierung

De Mouvement écologique geheit der Politik een inkonsequent Handele beim Theema Klimaschutz an der Legislatioun a Wirtschaftspolitik vir. D'Regierung géif eng ontransparent Wirtschaftspolitik féieren.

auto_stories

2 min

D'Blanche Weber ass Presidentin vum Mouvement écologique. Foto: Archiv

D'Blanche Weber schwätzt vun enger Vogelstrausspolitik: bei Problemer wéi dem Schutz vu Ressourcen a feelend Waasserreservë géif ewechgekuckt ginn. D'Presidentin vum Mouvement écologique kritiséiert, datt déi momentan Wirtschaftspolitik Konflikter aus dem Wee géif goen.

"Klimaschutz gëtt vernoléissegt"

Trotz groussen internationalen Accorde géif nämlech inhaltlech wéineg geschéien. Och wa vill iwwer Klimaschutz geschwat gëtt, géif an der geplangter Legislatur de Klimaschutz "sträflech vernoléissegt" ginn.

D'Blanche Weber fuerdert eng "fundamental Moderniséierung vum Ëmweltrecht": hei misst de Klimaschutz, CO2 an d'Waasserwirtschaft e ganz neie Stellewäert kréie fir ze weisen, wat fir eng Wirtschaftsentwécklung een an Zukunft wéilt.

D'Belaaschtung vun neie Betriber

Bei der Zouloossung vu Betriber géif et zwar de Prinzip vun der beschtméiglecher disponibeler Technik ginn, mee och dat bescht Ekipement kéint eng Belaaschtung fir d'Natur sinn, esou d'Blanche Weber.

Och am Commodo/Incommodo-Gesetz géifen d'Voleten Energie an CO2-Emissiounen net genuch gereegelt ginn. "D'Gesetzgebung huet net matgezu mam Klimaschutzgesetz", esou d'Kritik vum Mouvement écologique.

Eidel Floskelen

D'Politik géif sech an eidele Floskele wéi dem Rifkin-Prozess a gerénge Wuesstum verfänken: et géife konkret Ëmsetzunge feelen. Dat géif sech och an Dossiere wéi Fage oder Knauf weisen. "Allkéiers wann et eescht gëtt an eenzelen Dossieren, da ginn d'Streidereien erëm lass."

D'Blanche Weber fuerdert dofir, datt d'Regierung sech kloer ausschwätzt, wéi eng Wirtschaftspolitik si wéilt, ouni sech hanner Floskelen ze verstoppen; ouni Strategie wier eng ekologesch Transitioun net méiglech.

Fir Branchen, déi op fossil Brennstoffer baséieren, gesäit d'Blanche Weber keng kloer Léisung. Den Tanktourismus, Aviatiouns- an Automobilsecteur stéinge viru grousse Changementer. De Mouvement écologique vermësst eng Strategie, wéi déi Branchen derbäi begleet kënne ginn.

Et géif ausserdeem ëmmer méi schwéier gi fir de Wuesstum ze geréieren: weder d'Justiz, de Gesondheetssystem nach de Bildungssecteur géifen nokommen. Fir d'Presidentin vum Mouvement écologique sinn dat grouss Problemer, et wier net méi d'Zäit fir mam Fanger op den Eenzelen ze weisen.