Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng véiert Infektiounswell an der Belsch

Belsch

Eng véiert Infektiounswell an der Belsch

An der Belsch gëtt grad eng véiert Infektiounswell beobacht. D'Infektiounszuele hu sech bannent enger Woch verduebelt, grad ewéi d'Zuel vun neie Patienten an de Klinicken. Ee Rekord zanter der zweeter Well virun engem Joer.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Zanter dem 1. Oktober hat den Norde vum Land - Flandern, wou den Impftaux bei iwwer 90 Prozent vun den Erwuessene läit - déi meeschte Moossnamen opgehuewen. Just nach am ëffentlechen Transport huet een do eng Mask gebraucht.

An och d'Nuetsliewen ass an der Belsch erëm ugaangen, allerdéngs nëmme fir déi Leit, déi geimpft oder negativ getest sinn. Zu Bréissel an an der Wallonie waren d'Mesuren allerdéngs nach méi strikt.

Gesondheetsminister recommandéiert méi strikt Mesuren

An de leschten dräi Woche gouf lo eng exponentiell Evolutioun vun den Infektiounszuelen, mee och vun den Hospitalisatiounen observéiert. Ronn 250 Patiente leien op enger Intensivstatioun - eng Première zanter Ufanks Juni.

Et wier déi véiert Infektiounswell, mengt de federale Gesondheetsminister Frank Vandenbroucke, an um Ufank vun der kaler Saison géif et och nach de Risiko vu Grippeninfektioune ginn. Hie recommandéiert, datt d'Maskeflicht och a Flandern erëm soll agefouert ginn an datt d'Benotze vum Pass sanitaire - oder CovidSafety, wéi en an der Belsch genannt gëtt - soll erweidert ginn. An och den Télétravail misst weiderhi virgezu ginn.

Premierminister ass anerer Meenung

Dës Meenung stéisst allerdéngs beim flämesche Ministerpresident Jan Jambon op daf Oueren, an och de Premierminister Alexander De Croo, deen zanter engem Joer éischter hanner sengem Gesondheetsminister stoung, ass net onbedéngt d'accord.

An trotzdeem gëtt dëse Méindeg e Ministerrot aberuff fir iwwer d'Situatioun ze diskutéieren. Momentan sinn a Flandern 80 Prozent vun der gesamter Bevëlkerung geimpft - an der Wallonie sinn et der 70 Prozent., zu Bréissel 56 Prozent.

D'Aféiere vum obligatoresche CovidSafety an de Caféen a Restauranten zu Bréissel huet an der belscher Haaptstad d'Impfunge stimuléiert, mee manner wéi erwaart.

An der Wallonie wäert d'Impfung an der Restauratioun, dem Sport an am Kultursecteur vum 1. November un obligatoresch ginn.