Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bloc Party - High Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Stad - ee Cliché?

Franséisch Presidententiellen 2017

Eng Stad - ee Cliché?

Forbach ass nom Enn vun de Kueleminnen an der Lorraine eng Héichbuerg vum rietsextreme Front National ginn. Firwat et dozou komm ass, versicht de Dokumentarfilm "Retour à Forbach" z'erklären.

auto_stories

6 min

Puer Deeg virum éischten Tour vun de franséische Presidentschaftswahlen herrscht zu Forbach. Wa sech an enger klenger Stad vun 20.000 Awunner Sympathisante vum rietsextreme Front National an der lénksliberaler Bewegung "En Marche" um Maart begéinen, ginn et keng gréisser Tensiounen: Et kennt ee sech, et gëtt bëssi gekeckst, et wënnscht ee sech vill Gléck bei de Wahlen a jidderee geet nees senger Wee.

Gemeinsamkeete ginn et awer keng, betount de Christophe Arend, mat senge Flyere fir d'Campagne vum Emmanuel Macron am Grapp: "Mir si frëndlech matenaner, mee ech deelen d'Ideologie vum Front National guer net."

Teppecher & FN-Tracten

Verkaf ginn um Maart am Zentrum vu Forbach virun allem Kleeder an Haushaltsgéigestänn. Nieft engem marokkaneschen Teppechverkeefer huet de Front National ee Stand opgeriicht, dräi eeler Hären a bloe Jackettë verdeelen Tracten, op deenen d'Marine Le Pen versprécht si géif d'Rechter vun de franséische Frae verdeedegen, wa si Presidentin gëtt.

Et ass deen eenzege Stand vun enger Partei op dësem Dënschdeg Moien, fënnef Deeg virum éischten Tour vun de Presidentschaftswahlen. D'Soen huet hei de Bernard Janvier, fréieren Eisebunner a laangjäregen FN-Member: "Ech hu mech ëmmer fir d'Politik zu Forbach interesséiert. Ech si frou mat dëser Stad, a wann ech gesi wat aus hir ginn ass... Fréier war dat hei eng räich Regioun."

De laangjärege FN-Member a fréieren Eisebunner Bernard Janvier um Maart zu Forbach.

Florian Philippot zu Forbach

De Bernard Janvier hieft seng Sympathie fir de Vize-Präsident vum Front National ervir: "Ech bewonneren de Florian Philippot an all Hisiicht. Hien ass intelligent, frëndlech a professionel. Hien huet null Feeler."

De Florian Philippot huet sech Forbach als politesch Heemecht ausgesicht. Obwuel hien net aus der Regioun kënnt, kandidéiert d'Nummer Zwee am FN zënter e puer Joer bei alle Wahlen zu Forbach. Mat groussem Succès. Bei de leschte Gemengewahlen war hien am éischten Tour op éischter Plaz, am zweeten Tour huet dunn de Sozialist Laurent Kalinowski gewonn.

Dat hätt der Stad net gutt gedoen, mengt de Bernard Janvier: "Am Stadzentrum stinn 23 Buttéker eidel. Forbach stierft lues a lues. Natierlech geet et anere Stied ähnlech, mee déi ënnerhuele wéinstens eppes. Mee eise Buergermeeschter reagéiert schlecht."

Vill Commercen am Zentrum vu Forbach stinn eidel.

Un der Situatioun vun der Stad géif eng Victoire vum Marine Le Pen bei de Presidentschaftswahlen net direkt eppes änneren, mengt de Bernard Janvier. Mee manner Immigratioun, méi Police-Präsenz, eng Prioritéit fir d'Fransousen bei de Sozialleeschtungen a manner Toleranz géigeniwwer Islamisten géifen och de Leit zu Forbach ze gutt kommen.

An obwuel d'Stad direkt un der däitscher Grenz läit a vum Austausch mat der Nopeschstad Saarbrécken profitéiert, wier och hei een Enn vun den oppene Grenzen kee Problem, ass de Bernard Janvier iwwerzeegt: "D'Frontaliere wäerte weider an Däitschland schaffen. Déi Däitsch kommen ëmmer nach hir Akeef a Frankräich maachen. Mir maachen d'Grenzen net zou. Mir wëlle versichen, se besser ze kontrolléieren. Dat ass net dat nämmlecht."

Enttäuschte Léift

De Succès vum Front National a senger Gebuertsstad kann den Christophe Arend net verstoen. Den Zänndokter a Member vun "En Marche" ass fir oppe Grenzen an Europa. D'Zukunft vu Forbach géif an Europa leien:

"A mir hunn och Virdeeler hei. Ech si géint dat Bild vu Forbach als eng Stad, déi rofkomm ass. De Régis Sauder war och enttäuscht doriwwer, datt him reprochéiert gouf een ze vill däischtert Bild vun der Stad ze weisen. Well hie seet, et wier eng Liebeserkläerung."

D'Léift, déi de Regisseur Régis Sauder fir seng Gebuertsstad huet, gëtt duerch déi aktuell Entwécklung vun de Stad wéi et schéngt awer op Prouw gestallt. Fir hien ass et de Retour an eng Stad, déi hie fir säi Studium verlooss huet, an där hir Entwécklung him Suerge mécht. Déi däischter Stëmmung vum Film spigelt schonn den Trailer gutt erëm.

Keen Didier Eribon

Den Titel "Retour à Forbach" verweist op ee Buch vum franséische Soziolog Didier Eribon, deen 2009 an engem Buch mam Titel "Retour à Reims" seng Kandheet an aarme Verhältnisser beschreift - a seng Schwieregkeete fir sech a sengem soziale Milieu als dat ze outen, wat hien ass: homosexuell. Mat grousser Erzielkonscht beschreift hien dësen Identitéitskonflikt an d'Flucht aus der sozialer Misère. Dës Spannunge feelen am Film vum Régis Sauder.

De Fils vun engem Enseignant bréngt et trotzdem fäerdeg d'Thema vun der Schimmt fir seng Originnen ze thematiséieren, duerch Interviewen mat Frënn a Bekannten aus senger Kandheet: "De Film, datt den Aarbechter Mohamed an d'Enseignante Flavia eppes ze soen hunn. An datt Leit wéi si seelen ze héiere sinn. Am Film mierkt een, datt d'Leit vu Forbach um Enn awer vill Gemeinsamkeeten hunn an eppes zesumme wëllen opbauen."

D'Schold vun der Gauche

De Succès vum Front National zu Forbach war fir de Régis Sauder den Impuls fir dëse Film ze maachen - et kommen awer keng Sympathisante vum FN zu Wuert, dat géifen d'Medie scho genuch maachen.

D'Leit zu Forbach spiere sech vum Staat a Stach gelooss, mengt de Régis Sauder. Dowéinst wier d'Abstentioun bei de Wahle sou héich, wat dem Front National ze gutt kéim. An et géif u Solidaritéit feelen, well déi sozial schwaach Leit sech net méi als eng Klass géifen ëmfannen, déi Analys deelt hie mam Soziolog Didier Eribon:

"Am Film seet d'Sandrine: Virdru ware mir Aarbechter, Employéen, Ingenieuren oder Cadren an haut definéiere mir eis als Deel vun der italienescher, algerescher oder marokkanescher Communautéit. D'Opdeelen a Communautéiten huet d'Opdeelen a Klassen ersat. D'Politik a méi besonnesch déi lénk Parteien hunn d'Klassenterminologie opginn. D'Gauche lueft elo den Individualismus, vun der Reussite a seet mir wieren u sech all d'selwescht. Mee natierlech hu mir net all déi selwescht Startchancen."

Ee vun den himmelbloen Appartementshaiser am Quartier vu Wiesberg.

Portraitéiert gëtt ënnert anerem d'Entwécklung vum Quartier "Wiesberg". Hei sti grouss himmel-blo Appartementshaiser, an deenen haaptsächlech Immigranten, dorënner vill Muslimen, wunnen.

D'Suerg, datt hei eng Parallelwelt entsteet, wéi se am Film vum Régis Sauder beschriwwe gëtt, kann de Georges Vinber net novollzéien. Hien ass Direkter vum Centre Social um Wiesberg: "Et ass sécher net ganz falsch." Mee et géif och vill Momenter ginn, wou d'Leit frou sinn zesummen eppes ze maachen. "All d'Problemer vum Matenaner, iwwer déi sou vill geschwat ginn, réckelen dann an den Hannergronn."

Optimisten

Datt een FN-Buergermeeschter kéint déi bescheide Mëttele kierzen, déi aktuell fir déi sozial Integratioun um Wiesberg kënne genotzt ginn, fir Fräitäitaktivitlite fir d'Kanner a Quartiersfester z'organiséieren, wier ee Risiko, mengt de Georges Vinber.

Natierlech géifen d'Leit am Quartier driwwer, wat de Succès vum FN fir d'Stad bedeite géifen. "Verschiddener sinn derfir, anerer sinn dergéint. An ech sinn een Optimist (laacht)."

De Baris Desdemir viru sengem Kebab-Restaurant zu Forbach.

Et soll ee Forbach net méi schlecht maachen, wéi et ass, seet de Baris Desdemir. De Gérant vun engem Kebab-Restaurant zu Forbach kënnt aus der Tierkei a lieft zënter iwwer 20 Joer an der Lorraine.

Hien huet déi duebel Nationalitéit, a weess nach net wien hie bei de Presidentschaftswahle soll wielen: "Ech resneignéiere mech an diskutéiere mat de Clienten driwwer, wien ee soll wielen. Ech hunn zënter Joren net méi gewielt. Elo sinn ech degoutéiert, wa kee wiele geet, ass dat net gutt fir d'Land."