Dat Dokument soll reegelméisseg erauskommen an d'Politik guidéieren ... zum Beispill an hire Beméiunge fir dofir ze suergen, datt d'Leit op där selwechter Plaz wunnen, schaffen an hir Fräizäit verbréngen. Dat ass am Moment zu Esch net de Fall, well just 13 Prozent vun de gutt 28.000 Aarbechtsplazen an der Minettsmetropol och vun Escher besat sinn.
Dofir misst een zu Esch analyséieren wien déi Leit sinn, déi am Moment keng Aarbecht hunn a probéieren fir deenen dann och eng Aarbecht unzebidden, seet de Christian Weis. Doriwwer eraus sollt een och probéiere fir déi Leit déi op Esch schaffe kommen, ze iwwerzeegen fir sech och do ze installéieren, sou den Escher CSV-Schäffen.
Weider sozial Logemente bauen
Zu Esch gëtt et och iwwerduerchschnëttlech vill sozial Logementer: An der Landes-Moyenne sinn zwee Prozent vun alle Wunnenge Sozialwunnengen, zu Esch sinn dat 5,5 Prozent.
"... an dat ass fir eis selbstverständlech, dass mer déi hunn. An do gëtt och net no ënnen dru geschrauft. Dat ass eng kloer Uso. Et gëtt souguer versicht, déi nach auszebauen. Zum Beispill op den Nonnewisen, wou mer un engem neie Projet mam Fonds de Logement schaffen. Dat ass eis sozial Responsabilitéit, déi mer hunn. Awer aner Gemengen hunn déi och."