Radioen

On air

De Weekend  |  Luk. - Crack Feat. Jast & Skuto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng schwéier Zäit"

Nom Verloscht vun zwee Ënneroffizéier

"Eng schwéier Zäit"

De Chef vum Deminage-Service vun der Arméi seet et, et wier eng "schwéier Zäit" gewiescht, nom Tëschefall de 14. Februar am Munitiouns-Depot um Waldhaff. Trotzdem huet d'Aarbecht vum Service musse virugoen, seet de Kapitän François U. iwwer säi perséinlechen Ëmgang mat deem, wat viru gutt siwe Méint geschitt ass.

auto_stories

2 min

Et géif ee sech natierlech vill Gedanke maachen, seet de Chef vun der Equipe. Hie selwer hätt wëlle sou séier wéi méiglech erëm ufänke mat schaffen "fir dat eben iergendwéi ze verdauen an ze verkraaften a weider schaffen ze kënnen".

Nom Dout vun den zwee Ënneroffizéier hätt den Deminage-Service "gutt Ënnerstëtzung" kritt; souwuel vun der Arméi, wéi och psychologesch Ënnerstëtzung "déi mir gebraucht hu fir eben erëm kënnen normal weider ze schaffen, fir erëm unzekommen".

Hëllef vun der belscher Arméi

Personell verstäerkt gëtt den Deminage-Service och iwwer en halleft Joer nom Tëschefall nach ëmmer vun der belscher Arméi. Momentan misst een zu véier Leit d'Permanencen iwwer dat ganzt Joer assuréieren. Déi belsch Kolleege géifen zanter Februar plus minus eng Woch pro Mount iwwerhuelen.

Fir déi verstuerwen Aarbechtskolleegen ze ersetze wier natierlech ganz schwiereg, well si vill Jore Missiounserfarung am In- an Ausland haten, erkläert de Chef vum Deminage-Service. Et wier geplangt, zwee Leit an d'Ausbildung als Demineur ze schécken. Dës Leit sollen d'nächst Joer mat der Basisformatioun fäerdeg ginn.

D'Erënnerung un déi Verstuerwe wakreg halen

Pro Joer mécht den Deminage-Service vun der Arméi 300 bis 350 Asätz hei am Land. De Service këmmert sech ëm all Typpe vu Munitioun aus den zwee Weltkricher an och ëm méi "méi modern Saachen". D'Prozedure géife vun der Zort vun der Munitioun ofhänken, seet de Kapitän François U.

Nom déidlechen Tëschefall de 14. Februar wieren d'Prozeduren nach emol iwwerschafft ginn. "Mir mussen natierlech och elo kucken, wat bei der Enquête erauskënnt schlussendlech, an da musse mir natierlech och erëm adaptéieren, dat ass ganz normal an dat gëtt och permanent an esou engem Service gemaacht", sou de Chef vum Service.

Fir un déi zwee Ënneroffizéier vum Deminage-Service an un aner verstuerwen Arméi-Memberen ze erënneren, war de Méindeg de Moien um Härebierg eng Zeremonie mat Éieregäscht, bei där eng commemorativ Plack inauguréiert gëtt.

"Dat ass natierlech ganz wichteg. Et ass einfach gutt ze gesinn, datt eppes fir eis Kolleegen do gemaach gëtt, datt dat valoriséiert gëtt, an datt déi Leit nach ëmmer an Erënnerung behale ginn, déi dat eben och fir hiert Land gemaach hunn."