Am Gebai a wärend dem Schülertransport gëllt weiderhi d'Maskeflicht - an déi kënnt och erëm, wann et an der Schoulklass eng Infektioun gëtt. An de Maison Relais gëllt fir Gruppe vun zéng Persounen un d'Maskeflicht. Parallel zur Test-Strategie si spezifesch Moossname virgesinn.
D'Schüler sollen zwee mol d'Woch getest ginn: am Secondaire gëtt een dovunner doheem gemaach, am Fondamental ginn allebéid d'Tester an der Schoul gemaach, erkläert d'Paulette Lenert. Dat hätt den "agreabelen" Nieweneffekt, datt d'Kanner en zertifiéierten Test kréien, dee si och ausserhalb vun der Schoul kënne benotzen.
Wann et een oder zwee positiv Fäll an enger Klass ginn, gëtt de CovidCheck-System agefouert, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch. Et wéilt een domat garantéieren, datt d'Schoulen an d'Maison relaise weiderhi kënne funktionéieren.
Speziell Dispositiver fir net geimpfte Kanner
Fir Kanner, déi net geimpft sinn, sollen all 48 Stonne Schnelltester an der Schoul organiséiert ginn. Nëmmen esou dierfen net geimpfte Kanner an d'Schoul - Kanner, déi sech net wëllen teste loossen, mussen dann a Quarantän.
Wann et dräi bis fënnef Fäll an enger Klass gi mussen déi net geimpfte Schüler alleguer an d'Quarantän - bei enger Infektiounskette gëtt ee Konzept vum Comité de pilotage proposéiert.
Mat dësem Dispositif wëllt een d'Grondrecht op Bildung assuréieren, esou och d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.
PCR-Tester am Fall vun engem Cluster
Wann et zu Clusteren an de Schoule kënnt kréien d'Schüler bei de mobillen Ekippe gratis ee PCR-Test ugebueden. Wa Schüler krank si solle se bei den Dokter goen; och dee kéint e PCR-Test verschreiwen, dee vun der Krankekeess rembourséiert gëtt.
Sollt de Virus awer sech nees extrem verbreeden ass net ausgeschloss, datt et nach eng Kéier zum Homeschooling kéint kommen, preziséiert de Claude Meisch.