Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng Schoul muss bei d'Land passen"

PISA

"Eng Schoul muss bei d'Land passen"

Eng gutt Schoul zeechent sech net nëmmen doduerch aus, datt d'Schüler herno gutt Resultater hunn. Gutt wier eng Schoul, wa se d'Kanner an hirer Entwécklung virubréngt, seet de Claude Meisch.

auto_stories

3 min

Den Claude Meisch wëllt de Modell vun den europäesche Klassen ausbauen

De Claude Meisch wéilt de mëttelméissege PISA-Ranking vu Lëtzebuerg net iwwerbewäerten. D'Erkenntnis, datt Kanner aus benodeelegte Milieuen et méi schwéier hunn wéi Kanner aus engem favoriséierten Ëmfeld géif hien awer revoltéieren, seet den Educatiounsminister. D'Schéier tëscht aarm a räich géif scho ganz fréi ausernee goen: um Enn vum Cycle 2. De Wee vun de Schüler wier domat scho ganz fréi virgezeechent.

De Problem fänkt fréi un

Eng Haapterausfuerderung wier déi komplex Sproochesituatioun: dacks géif d'Lëtzebuerger Sprooch net genuch beherrscht ginn, fir dann op däitsch kënnen alphabetiséiert ze ginn. Et wier awer och heiansdo "eng Saach vun der Onméiglechkeet" fir a kuerzer Zäit nei Schoulsproochen ze léieren: vill Schüler wieren doheem mat ganz anere Sprooche confrontéiert.

De Claude Meisch freet sech, ob eenzel Schüler net ze fréi mam Multilinguismus a Kontakt kommen, an ob et net méi sënnvoll wier sech op d'Kommunikatioun ze konzentréieren. Den Observatoire de la qualité scolaire sollt dofir Proposen ausschaffen, fir datt ee politesch Decisiounen huele kéint.

D'Sproochen als Hürd

Lëtzebuerg wier d'Nummer 1 am OECD-Verglach, wat d'Méisproochegkeet ubelaangt: an der Reegel géifen d'Schüler eng bis zwou Sprooche méi wéi d'Moyenne kënnen. Dat wier eng Stäerkt, mee gläichzäiteg och eng grouss Erausfuerderung, seet de Claude Meisch. Vill Schüler géifen iwwer déi Hürd falen a misste redoubléieren. Et misst een dofir méi flexibel an de Schüler méi Choixe ginn, fënnt de Claude Meisch.

Schüler géife mat ganz ënnerschiddleche Viraussetzungen an d'Schoul kommen. Et hätt ee Joerzéngte laang probéiert jiddwereen an ee Schoulsystem ze drécken, an heiru wieren der vill gescheitert.

Dofir hätt een an de leschte Joren ugefaange verschidde Schoule fir déi verschidde Profiller vun de Schüler unzebidden, fir och den ënnerschiddleche Sproochesituatioune Rechnung ze droen. Fir de Claude Meisch ass kloer, datt dat och weidergoe muss. An dësen europäesche Klassen, déi et schonn op fënnef Plazen uechter d'Land gëtt, kënnen d'Schüler d'Sprooch vum Unterrecht an de Sproochenunterrecht selwer wielen. Dat wier fir en Deel vun de Schüler "eng enorm Chance", an dofir géif ee "ganz intensiv" dru schaffen, fir dës Klassen och op anere Plazen unzebidden, esou den Educatiounsminister.

"Et kann ee kee Schoulsystem kopéieren"

Bei der Sich no Léisunge misst een där spezifescher Lëtzebuerger Situatioun Rechnung droen; et géif näischt brénge Schoulsystemer ze kopéieren, déi bei PISA gutt ofschneiden: Eng Schoul misst bei d'Land passen, et hätt kee Wäert e Schoulsystem aus engem anere Land ze kopéieren, wou d'Land sech kulturell a vun der Approche hir net dran erëmfënnt.

Et kéint een e Schoulsystem och net vun haut op muer ëm 180 Grad ëmorientéieren, mee Changementer géife sech fréistens no enger Generatioun weisen.

"All déi Leit, déi elo Responsabilitéit droen a mat groussem Engagement maachen, si bereet Reformen ze maachen, mee sécherlech net bereet all fënnef Joer Modeller ze kopéieren, déi an iergendengem anere Land vläicht funktionéiert hunn, bei eis warscheinlech awer net funktionéieren."

D'Ausgangsbasis wier zu Lëtzebuerg eng ganz aner, seet den Educatiounsminister.

Bei der PISA-Etüd hu 600.000 Schülerinnen a Schüler aus 79 Länner deelgeholl. Aus Lëtzebuerg hu 5.230 jonk Leit am Alter vu 15 Joer matgemaach.