Wie bis elo nach net un de journalistesche Wäert vu Podcasts gegleeft huet, dee kéint vun dëser Nouvelle vläicht iwwerzeegt ginn. Den däitsche Vize-Kanzler Olaf Scholz huet am WDR-Podcast "Machiavelli" - dee sech mat Politik a Rap-Musek beschäftegt - eng Etüd zum Rietsextremismus bei der däitscher Police ugekënnegt.
Natierlech ass net d'Plaz, déi grouss Iwwerraschung, mee d'Etüd selwer. Méintlaang huet sech den Horst Seehofer géint esou eng Ënnersichung gewiert. Eleng d'Diskussioun doriwwer géif nämlech all Polizistin a Polizist ënner Generalverdacht stellen, esou den Inneminister.
Dobäi gouf et an de leschte Joren ëmmer nees grouss Enthüllungen. Vun Chat-Gruppen bei der Police an Nazi-Erënnerungsstécker a Bundeswehr-Kasären. Jiddwerengem war kloer: et gëtt am däitsche Sécherheetsapparat e Problem mat Rietsextremismus. Just den Inneminister wollt et net gesinn.
Firwat kënnt d'Etüd elo?
Datt den Horst Seehofer sech breettrëppele gelooss huet, huet verschidde Grënn - an nach ëmmer geet et net nëmmen ëm den Inhalt. Op där enger Säit ass Mëtt September e Grupp vu bal 30 Polizistinnen a Polizisten an Nordrhein-Westfalen opgeflunn. Si hunn an Chatgruppen rietsextrem Biller a Contenu verbreet. Den ëffentlechen Drock, deen doduerch och um Bundesinneminister gelant ass, kéint Afloss op dem Seehofer säi Sënneswandel gehat hunn.
Op där anerer Säit huet den Olaf Scholz awer vläicht och déi ugekënnegt Etüd als e bësse besser verkaf, wéi se wierklech ass. Well wéi d'Dageszeitung Rheinische Post mellt, wier déi geplangten Etüd net just op d'Police ausgeriicht. Am Géigendeel: et soll wuel eng wëssenschaftlech Ënnersichung zu Rassismus an der Gesamtbevëlkerung ginn - an där d'Police dann eben ee vu ville klengen Deeler ass.
Dat dierft och de grousse Problem vun der Etüd sinn. Soulaang d'Inneministeren, déi iwwer der Police stinn, dovun ausginn, datt de Problem net vu struktureller Natur ass, wäert sech wuel net vill änneren. Egal, zu wéi engem Resultat d'Etüd kënnt.