Wann een op d'Joer 2022 zréckkuckt a sech freet, wat sech am Fonctionnement vun eisem politesche System gedoen huet, da fält engem natierlech fir d'éischt an, datt d'Tripartite vun den Doudegen operstanen ass.
D'Tripartite: Et war roueg bis dëst Joer
Dat Instrument war 1977 geschaaft gi fir en nationale Konsens ze fannen, wéi d'Land aus der Pëtrols- a Stolkris erauskéim. D'Vertrieder vum Patronat a vun de Gewerkschafte sollten der Regierung hëllefen, fir d'Wirtschaft nees op d'Been ze bréngen. Dat ass och gelongen.
Ënner der Dräi-Parteie-Regierung war et roueg ginn ëm déi Tripartite, well déi Jore virdru waren hir Reuniounen ouni Erfolleg op en Enn gaangen a souwisou war dat Instrument e Friemwiesen an enger parlamentarescher Demokratie, well d'Chamber konnt nach just jo soen zu Decisiounen, déi net-gewielte Vertrieder:innen aus der Wirtschaftswelt getraff haten.
Cour des Comptes: Propos fir eng Quadripartite
Dat zweet Phenomen, dat 2022 um Plang vun den Institutiounen absolut nei ass, awer bis elo wéineg fir Kommentare gesuergt huet, ass den Avis vun der Cour des Comptes zum Staatsbudget 2023. Vun där Institutioun war ee gewinnt, datt se eng reng technesch Analys vun de Staatsfinanze mécht an haaptsächlech kontrolléiert, ob d'Sue legal an effizient fir deen Zweck ausgi goufen, fir dee se am Budgetsgesetz gestëmmt gi waren.
Dëst Joer mécht awer d'Cour des Comptes an hirem Avis net nëmmen en Historique vun der Tripartite zanter hirem Ufank, mee schléit carrement vir, eng Quadripartite draus ze maachen.
Déi Organismen, déi sech am Kampf géint de Klimawandel engagéiere, sollten onbedéngt mat un de Verhandlungsdësch invitéiert ginn.
Kompetent Stëmme si gefrot
Endlech schéngt ee Staatsorgan verstanen ze hunn, datt déi Klimakris esou gewalteg wäert sinn, datt all politesch Beräicher, also och all finanziell Engagementer vum Staat dovu wäerte betraff sinn.
Et geet also net méi duer, just Patronen a Gewerkschaftler ëm Rot ze froen, déi souwisou allebéid déi selwecht produktivistesch Logik vum endlose Wirtschaftswuesstem verfollegen, mee och déi kompetent Stëmmen, déi eppes vun där gréisster Erausfuerderung verstinn, déi op eis an op déi nächst Generatiounen zoukënnt.
Eng legitim Propos
Virun en etlech Jore war eng änlech Propositioun um Dësch, awer net fir d'Tripartite, mee fir de Conseil économique et social zu reforméieren, well och do si just Patronat a Gewerkschafte vertrueden. Deemools hat de Caritas-President Erny Gillen gefuerdert, och déi Associatiounen, déi sech géint Aarmut a sozial Ongerechtegkeet asetzen, missten an dee Conseil opgeholl ginn, well déi Problemer géifen och déi ganz Gesellschaft an all Politikberäicher betreffen.
Och dat wier legitim, well d'Gewerkschafte setze sech kaum nach fir déi Mënschen an, déi aus dem sozialen Netz erausgefall sinn.
Hoffe mer also, datt d'Parteien an d'Regierung dee Virschlag vun der Cour des Comptes opgräifen, ergänzen an zu enger struktureller Léisung féieren, well d'Tripartite ass jo trotz hirer Bedeitung am politeschen Entscheedungsprozess och an der neier Verfassung nach ëmmer net virgesinn, an op all déi aner Conseils supérieurs du développement durable, Conseil national des étrangers asw. gëtt jo net gelauschtert.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.