Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng komplex Aufgab"

Reouverture vun der Grondschoul

"Eng komplex Aufgab"

D'Reouverture vun der Grondschoul wier komplex, esou den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) an de Syvicol-President Emile Eicher (CSV) virun der Press. Vum 25. Mee u gi méi Raimlechkeete, méi Personal a méi Schoulbusse gebraucht. D'Ecole Fondamentale gëtt fir déi lescht siwe Woche virun der Summervakanz ganz nei organiséiert.

auto_stories

3 min

"Et war eng schwéier Decisioun d'Schoulen zouzemaachen, mä genee sou wichteg ass et, se lo nees opzemaachen", esou den Educatiounsminister. Och wa vill Upassungen néideg wieren. Et wiere ganz vill Acteuren déi lescht Deeg consultéiert ginn. Och mam Gemengeverband Syvicol wier et en intensiven Echange ginn. Fir d'Gemenge wier d'Organiséiere vun der Reprise eng "Herkulesaufgab", esou de Syvicol-President Emile Eicher.

  • Vum 25. Mee u wier quasi dat duebelt u Raimlechkeeten néideg, well d'Klassen an zwee gedeelt ginn.
  • Nieft de Raimlechkeete stellt sech déi selwecht Fro fir d'Personal, esou den Emile Eicher (CSV), President vum Gemengeverband Syvicol: Et wier ronn en Drëttel méi Personal gebraucht. Et géif versicht gi fir Mataarbechter mat Deelzäitkontrakter temporär méi Stonnen ze ginn.
  • Gemengen, déi zousätzlech Busse brauche fir de Schoultransport, sollten de Reseau vum RGTR kontaktéieren, réit de Syvicol-President. De Minsitère géif déi zousätzlech Käschten iwwerhuelen.

A a B-Wochen

Wéi schonn annoncéiert, ginn d'Schoulen, d'Crèchen an d'Maison Relais de 25. Mee nees op. D'Päischtvakanz bleift normal bestoen (vum 30. Mee bis de 7. Juni). Déi Woch virun der Vakanz ginn all Schüler 2-3 Deeg an d'Schoul. No der Vakanz (vum 10. Juni un) gëllt en Zwee-Woche-Rhythmus an der Grondschoul.

  • An der A-Woch huet de Schüler Cours: Moies tëscht 8 a 13 Auer. Des Course sinn obligatoresch. Mëttes si fakultativ "Etudes survéillées".
  • An der B-Woch huet de Schüler fakultativ "Etudes survéillées". De Schüler ka fir des Aufgaben awer och doheem bleiwen.

Iwwer déi ganz Zäit bleiwen d'Schüler an de selwechte Gruppen.

Schoul och fir de Cycle 1

"De Ministère ass der Meenung, datt och d'Kanner am Cycle 1 e Recht op Bildung hunn, an dofir si mer dogéint fir d'Schoul fir des Kanner weider zouzeloossen", sou de Claude Meisch. Gewerkschaften hate gefuerdert, datt de Cycle 1 sollt zoubleiwen.

Mee fir d'Kanner am Cycle 1 géifen nach speziell Sécherheetsmesuren ausgeschafft gi, wéi déi vum Mondschutz a vun der Distanz vun zwee Meter. Et géif een u klengen an ofgetrennte Gruppe schaffen, déi an der Schoul méi enk zesumme kéinte sinn, e bësse wéi am Stot.

Et wéilt een alles maache fir d'Sécherheet vun de Kanner, den Enseignanten an Educateuren esou gutt wéi méiglech ze garantéieren: eng honnertprozenteg Sécherheet géif et awer net ginn, esou den Educatiounsminister. Trotzdeem huet de Claude Meisch sech optimistesch gewisen d'Reprise e Méindeg a 14 Deeg zesumme mat de Gemenge gestemmt ze kréien.

Ausname fir den Elterecongé

Nom 25. Mee kënnen d'Elteren de flexibiliséierte Congé pour raisons familiales an dräi Fäll weider notzen, esou de Claude Meisch:

  1. Wann d'Kanner vulnerabel si (wéinst zum Beispill chronesche Krankheeten)
  2. Wann an de Gemenge keng Plaze méi fir e Kand disponibel wiere fir den Accueil
  3. Fir Kanner tëscht 0 an 3, déi nach ni an der Crèche waren oder déi vun de Grousseltere versuergt goufen an der Vergaangenheet

Fir eraus ze fanne wéi grouss de Betreiungsbedarf baussent de Schoulgebaier nom 25. Mee wäert sinn, wëllt de Ministère d'Eltere dëse Mëttwoch mat engem elektronesche Formular kontaktéieren. Et géif een dovun ausgoen, an den allermeeschte Situatioune Betreiungsplaze kënnen z'assuréieren, esou de Claude Meisch.