Radioen

On air

Resonanzen  |  Johannes Brahms (Original Versioun rekonstruéiert vum Jorge Rotter) - Sérénade Nr.1 a Ré Majeur, Op. 11, IV. Menuetto I - II - Coda - Linos Ensembel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng gutt Kommunikatioun wäert wichteg sinn"

Covid-Impfung bei Jonken

"Eng gutt Kommunikatioun wäert wichteg sinn"

D'Covid-Impfcampagne bei Jonke vun zwielef Joer u wäert ganz enk suivéiert ginn, dat versprécht d'Isabel de la Fuente, Spezialistin fir Infektioune bei Kanner am CHL. Et géif elo vill drëm goen, d'Elteren ze rassuréiere fir datt si hir Kanner impfe loossen. Well d'Iddi, datt Mineuren eng Impfung manner néideg hätte wéi méi al Leit, wier falsch, sou d'Doktesch.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

De Risk schwéier um Covid ze erkranken geet mam Alter erop. Mee och Jonker kënne Schwieregkeete kréien, sief et op laang Zäit oder akut. Dobäi kënnt, datt déi jonk Bevëlkerung - grad aktuell - bei den Infektiounszuelen eng gréisser Roll spillt, an also och ëmgedréint a Saachen Immunitéit, sou d'Dokter de la Fuente.

"Pour le moment le taux d'infection est très élevé chez les adolescents. Plus de 25 pourcent des infections actives pour le moment sont chez les adolescents et les jeunes adultes."

E besonnesche Fokus läit och um Wuelbefanne vun de Kanner, sou d'Isabel de la Fuente. Et wéisst ee mëttlerweil, datt de Covid en negativen Impakt op déi mental Gesondheet vu Jonken hätt. Dobäi wieren déi Jonk schonn extreem vun der Covid-Kris betraff; hätten am leschte Joer sozial a schoulesch Coupuren erlieft.

"... et donc en vaccinant cette tranche d'âge, on espère que la vie quotidienne, l'éducation, les activités parascolaires, la vie sociale s'améliorent."

Net einfach de iwwerzeegen

D'Isabel de la Fuente insistéiert op d'Argumenter fir de Vaccin, seet awer och, datt et net wäert einfach ginn, ze iwwerzeegen, ebe well de Besoin fir geimpft ze sinn op den éischt Bléck bei Jonken net sou grouss schéngt wéi bei Eelere wou Komplikatioune vill méi heefeg sinn.

"C'est sûr que cela va être très important à faire une bonne communication chez les parents et c'est tout à fait normal que les parents se posent des questions. Pourquoi? Parce que le bénéfice de la vaccination va être quand même moindre chez les enfants que chez les adultes."

Jonk kréie Biontech-Pfizer

Mee de Vaccin wier sécher an d'Iwwerwaachung seriö.

"Nous en tant que pédiatres, on veut que la vaccination ne soit liée à un risque proche de zéro pour les adolescents, parce qu'on ne pourra accepter aucun risque lié à la vaccination."

Déi Jonk wäerte genee wéi déi Erwuessen zwou Dosisse vum Biontech-Pfizer-Vaccin kréien, mat engem Intervall vu ronn véier Wochen. D'Isabel de la Fuente rechent domat datt déi net-vulnerabel Jonk ronderëm d'Rentrée, an dann dem Alter no, wäerte geimpft ginn, viraussiichtlech och an den Impfzentren.

Den Avis vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses dierft d'nächst Woch virleien, sou nach d'Isabel de la Fuente. Duerno wäert d'Regierung sech zum Asaz vum Biontech-Vacccin bei Jonke positionéieren, heescht et vun der Santé.