Den Ausseminister Jean-Asselborn gesäit an der Wahlvictoire vum Republikaner Donald Trump awer och eng "formidabel Kontradiktioun" a stellt d'Fro, wéi e Mann, deen och um Réck vun de méi klénge Leit Milliardär ginn ass, den Anti-Establishment duerstelle kéint.
Grad wéi a Groussbritannien wier vum Trump-Lager an den USA och nëmme mat Sloganen operéiert ginn, esou de Jean Asselborn op d'Fro no de Grënn vun der Victoire vum Donald Trump. De Republikaner an déi Leit ronderëm wéisste guer net, wat innen- an aussepolitesch déi richteg Absichte wieren. Een anere Grond fir d'Wahlvictoire gesäit de Lëtzebuerger Ausseminister an den Angschtgefiller, déi mat der Immigratiounsfro gemaach gi wieren. Dobäi hätt den Donald Trump op déi populistesch Schinn gesat.
Fir d'Europäesch Unioun géif et eng grouss Erausfuerderung ginn, fir d'Partnerschaft mat den USA net an d'Bréch goen ze loossen. D'EU kéint nëmmen hoffen, datt déi Partnerschaft bleift, esou de Jean Asselborn.
No der Wahlvictoire vum Donald Trump an den USA, huet den däitschen Ausseminister Frank-Walter Steinmeier eng Spezial-Entrevue vun den 28 EU-Ausseministere proposéiert. Dës Entrevue soll e Sonndeg den Owend zu Bréissel sinn, esou de Moien den Ausseministère zu Berlin.
Hei dat ganzt Gespréich vum Serge Kesseler mam Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn: