Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng explosiv Fro

Déi Lénk

Eng explosiv Fro

Fir de Marc Baum ass et eng Fro mat Sprengstoff, wéi d'Regierung wéinst der Coronakris wëll d'Staatsfinanzen am Grëff halen, sou den Acteur a Politiker vun déi Lénk a Riicht Eraus.

auto_stories

3 min

Den Impakt vun der sanitärer Kris op d'Staatsfinanzen ass däitlech. Entweder d'Regierung misst entgéint hire fréieren Aussoe bereet sinn d'Staatsverschëldung iwwer 30 Prozent vum PIB uklammen ze loossen, oder se misst decidéiere wou se d'Suen hir hëlt, esou de Marc Baum. Wann d'Koalitioun wéilt Sue beim Endverbraucher huelen, wier se honnertprozenteg um Holzwee. Déi Thematik géif déi nächst Zäit am ëffentlechen Interessi stoen.

Fir eng Verméigens- an Ierfschaftssteier

Déi Lénk plädéieren ënner anerem scho méi laang fir eng Verméigenssteier vun 0,5 Prozent mat Ausnam vu Bank-Avoiren ënner 200.000 Euro an dem eegene Wunnsëtz, a fir eng Ierfschaftssteier fir Montanten iwwer 1,5 Milliounen Euro. De Marc Baum seet, et wier e Kommunikatiounseffort néideg fir déi Mesuren z'erklären:

Jiddereen iergendwann ierft iergend eppes a wann et just e puer honnert Euro sinn. A jidderee mengt dann domat sinn ech gemengt. Do ass de Kommunikatiounseffort: Do muss ee soen nee dier sidd net betraff. Et gëllt, déi ze treffen déi mam gëllene Läffel op d'Welt kommen, an déi vum Patrimoine liewen an net vum Salaire.

Iwwer d'Entwécklung vun déi Lénk an de leschten 21 Joer mengt de Grënnungsmember Marc Baum, datt een zënter 2009 am Gaange wier sech nees opzebauen. Et wéisst een net genee, wisou déi Lénk zënter hirer Grënnung ni iwwer 6 Prozent bei Chamber- oder Europawahlen erauskomm sinn, an awer Theme besetzen, déi an Ëmfroe ganz uewen an der Lëscht vun de Suerge vun de Bierger stinn. Vläicht wier et och eng individuell Kritik fir hien als Deputéierten, sou wéi seng Deputéiertekolleegen aus de leschte Joren David Wagner, André Hoffmann, Serge Urbany a Justin Turpel: "Firwat hu mer bei Wahlen net besser Resultater?". Als kleng Oppositounspartei géif een awer och heiansdo u seng Limitte stoussen.

Demissioun am Escher Gemengerot

De Marc Baum wäert Enn Oktober am Escher Gemengerot demissionéiere fir Plaz ze maache fir de Laurent Biltgen. Dem Rotatiounsprinzip vun der Partei no kréien d'Mandatairen op Gemengenniveau geroden, wärend dem sechs Joer-laange Mandat Plaz fir en anere Kandidat vun déi Lénk ze maachen. Där Recommandatioun gëtt an de Gemengen net an all Fall Rechnung gedroen.

No Mee 2021: Keen aktiivt politescht Mandat méi

Wéi scho gewosst wäert de Marc Baum wéinst dem selwechte Rotatiounsprinzip am Mee 2021 och an der Chamber ophalen. Well d'Koalitioun vun DP, Gréng an LSAP just eng dënn Majoritéit vun 31 vu 60 Sëtz huet, hätt d'Sträitkultur an der Chamber leider nach méi ofgeholl, esou de Marc Baum:

Wann ee sech eng ganz Rëtsch Interventiounen ulauschtert, mierkt ee ganz dacks - ouni de Kolleegen ze no ze trieden - datt et u Substanz feelt, Floskele widderholl ginn, déi wierklech net fërderlech sinn, mee Ausdrock si vu Manktem u Sträitkultur.

Et wiere seng berufflech Pläng wier rëm reng Schauspiller ze sinn, esou de Marc Baum. Bei den nächste Chamberwahle am Joer 2023 géif hien awer nees fir déi Lénk kandidéieren, a bis dohi wéilt hien och an der Partei op fräiwëlleger Basis aktiv bleiwen.