Radioen

On air

Espresso Beats  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng éischter gutt Zensur

No der Ried zur Lag vun der Natioun

Eng éischter gutt Zensur

D'Press huet d'Ried vum Premier éischter positiv beurteelt. Just datt eenzel Theemen - wéi de Logement - nëmme gesträift, an net am Fong traitéiert goufen, ass kritiséiert ginn. Mee generell ass d'Zensur fir de Xavier Bettel éischter gutt, esou d'Dani Schumacher (Wort), de Laurent Schmit (Reporter.lu) an de Peter Feist (d'Land).

auto_stories

2 min

Wat geschitt am Beräich Steieren? Dat war déi grouss Fro, déi net nëmmen d'Press sech gestallt huet, am Virfeld vum État de la Nation. D'Äntwert ass: Et geschitt näischt, oder d'mannst net vill.

"Ech mengen, datt dee politesche Choix fir näischt un de Steieren ze maachen och einfach domat ze dinn huet, datt d'Regierung hofft op eng Relance, op e Konjunktur-Opschwong op esou eng V-Kurv."

Dat ass d'Analys vum Peter Feist, dem Chefredakter vun der Wochenzeitung Land. De Laurent Schmit vum Online-Magazin reporter.lu stellt d'Fro, ob de Koalitiounsaccord, deen am Premier senger Ried als Moossstaf geholl gouf, déi richteg Basis fir d'Regierunghandele bleiwe kann.

D'Taktik sech nach eemol kloer zum eegene Programm ze bekennen an no baussen als Team opzetrieden, fënnt d'Dani Schumacher aus dem Wort awer net schlecht.

"D'Regierung muss déi nächst Jore wierklech Politik maachen"

Dee méi enke finanzielle Spillraum hätt fir d'Regierung d'Konsequenz, "datt an den nächste Joren déi Koalitioun wierklech muss Politik maachen, well d'Moyenen net méi do si fir esou ze verdeelen, wéi se dat virun de leschte Wale gemaach hunn. Do musse Choixe geholl ginn, an dat fält där Koalitioun net ëmmer esou einfach", esou de Laurent Schmit.

Dat gesäit d'Dani Schumacher genee sou: "Déi ganz Spirenzescher mat Ausdeelen, dat ass elo definitiv fäerdeg. Also d'Schönwetter-Politik ass elo op en Enn."

Dem Premier seng Ausso, datt keng nei Steieren ageféiert géife ginn, an datt ee sech op d'Ëmsetze vum Koalitiounsprogramm géif konzentréieren, kéint een als Appel à l'ordre verstoen an als Ofso fir eng Ierfschafts- oder Verméigenssteier, si sech déi dräi Journalisten eens.