Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng Drëps op de waarme Steen"

Lëtzebuerger Wirtschaft

"Eng Drëps op de waarme Steen"

D'Independanten hätten e Gesamtpak un Hëllefe vermësst, fir si an hirer spezifescher Noutsituatioun ze ënnerstëtzen. Dat seet d'Alexa Ballmann. Déi punktuell Mesuren, wéi zum Beispill déi 5.000 Euro déi d'Regierung an der Kris fir d'Patrone vu klenge Betriber decidéiert huet, wieren zwar wëllkomm, awer just eng Drëps op de waarme Steen gewiescht, sou d'Presidentin vun der Associatioun Jonk Handwierk.

auto_stories

2 min

D'Alexa Ballmann ass d'Presidentin vun der ASBL Jonk Handwierk a Patronne vun engem Institut de Beauté.

Enorm gehollef hätt d'Instrument Chômage partiel, dat d'Paien iwwerholl hätt. Fir d'Lounniewekäschte wier awer keen opkomm, si hätt emol net hir Soziallaaschte domat gedeckt kritt, esou d'Alexa Ballmann. Hiren eegene Betrib huet gëschter nees ugefaange mat schaffen, esou d'Patronne vun engem Institut de Beauté mat néng Mataarbechterinnen.

Fir si ass dës Kris nach laang net iwwerstanen. "Ech menge mir hunn et nach laang net gepackt", sou d'Patronne.

"Ech hu gëschter nach eng Kéier alles nogerechent, an et ass dann awer nach méi wéi ee gemengt hat. Mir mussen elo wierklech gutt schaffen, vill schaffen. Allerdéngs kënne mer natierlech net esou vill schaffen, well mer einfach esou vill Clienten manner kënnen unhuelen. E klengt Beispill, a mengem Beräich elo: Vu datt mer 20 Minutten tëschent all RDV ausloosse fir ze raumen, ze botzen, ze desinfizéieren a fir datt d'Leit sech net ze vill kräizen, dann hu mer bei véier Pedicuren eng Pufferzäit vun 80 Minutten. Dat ass enorm. Dat heescht, et kann ee soen, datt de ganzen Dag pro Salariée zwee Cliente manner gemaach ginn. Do muss een natierlech soen, datt effektiv och d'Recetten net méi déi selwecht sinn."

An enger Rei Betriber ass gëschter nees ugefaange gi mat schaffen. D'Personal, dat a ville Fäll elo aacht Wochen doheem war, huet elo natierlech net onbedéngt e Besoin, direkt erëm Congé ze huelen. Dat kéint fir vill Patronen e Problem ginn, sot d'Alexa Ballmann. Well virum Lockdown och nach kaum ee scho fräigeholl hätt. D'Salariéen an d'Patrone missten dofir zesumme Léisunge fannen, fir beispillsweis de Congé stéckelchersweis ofzebauen, fir datt de Betrib an d'Aarbechtsplaze weider bestoe bleiwen kënnen.