Radioen

On air

De Weekend  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng considerabel Croissance"

Héichschoul a Fuerschung

"Eng considerabel Croissance"

Ronn 1,46 Milliarden Euro ëffentlech Gelder ginn an de Joren 2018 bis 2021 am Beräich Fuerschung an Héichschoul investéiert: méi wéi d'Hallschent dovu si fir d'Uni Lëtzebuerg, a méi wéi e Fënneftel dovun ass fir den nationale Fuerschungsfong FNR. Am Ganzen 390 Milliounen Euro iwwer déi véier Joer ginn un déi dräi ëffentlech Fuerschungsinstituter LIST, LIH a LISER.

auto_stories

3 min

De Claude Meisch (DP) huet déi national Fuerschungs- an Innovatiounsstrategie virgestallt

Et bleift d'Zil vun der Regierung fir ee Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung an d'Fuerschung ze investéieren, esou de Minister Claude Meisch bei der Presentatioun vun der neier nationaler Strategie fir Recherche an Innovatioun. Et wier een awer e Stéck wäit vun deem Zil ewech.

Et gëtt méi an d'Fuerschung investéiert

2019 louch den ëffentlechen Investissement an d'Fuerschung bei 0,65 Prozent vum Bruttoinlandprodukt, seet de Claude Meisch. Et wier deemno e Fakt, datt een d'Zil vun engem Prozent nach net erreecht hätt, esou de Minister Claude Meisch, mee et géif een deem Zil méi no kommen. Et géif ee pro Joer ëmmer méi Suen an d'Fuerschung investéieren: 2018 waren dat 327 Milliounen Euro, 2021 wäerten dat 404 Milliounen Euro sinn, esou den DP-Minister Claude Meisch.

De Minister huet vun enger "considerabeler Croissance" geschwat. Him ass et awer och wichteg, datt bei den Investissementer an d'Fuerschung e "gudde Wuesstum" garantéiert wier. Et dierft net just dorëm goe Suen auszeginn.

"Et muss een dat Geld och verschaffen: déi Instituter musse sech och esou opstellen, datt se dat gutt kënne verschaffen, datt se a gutt Projete kënnen eragoen, datt se sech raimlech kënnen auswäiten, datt se Leit kënnen unzéien an dann och nach déi richteg Leit fannen."

Eng national Fuerschungs- an Innovatiounsstrategie

Mat deene verschiddenen autonomen Acteuren am Fuerschungs- an Héichschoulberäich ginn all véier Joer Konventiounen ofgeschloss, huet de Minister erkläert. Dëse System géif engersäits eng Planungssécherheet garantéieren, anersäits géif et der Politik d'Méiglechkeet gi fir "dat eent oder dat anert kënne mat un Orientatioun virzegesinn oder konkret Prioritéiten [...] kënnen ze decidéieren."

An Zukunft géifen déi Konventiounen "nach méi staark enger nationaler Fuerschungs- an Innovatiounsstrategie [entspriechen], wéi mer se definéiert hunn", seet de Claude Meisch.

Dës Strategie war Enn vum leschte Joer vum Regierungsrot ugeholl ginn, gëschter huet de Claude Meisch se an der Chamberkommissioun presentéiert an duerno virun der Press. De Minister huet betount, datt et am Beräich Fuerschungs- an Héichschoulpolitik zanter 15 Joer eng Kontinuitéit géif ginn.

"Dat Anert bleift natierlech och fir d'Qualitéit weiderhin ze assuréieren. An dat wäert de Fuedem sinn, dee sech weider duerch eis Politik wäert zéien, och an den nächste Joren. Ech hunn deem Fuedem elo bewosst keng Faarf ginn, well de Moien hu mer och an der zoustänneger Chamberkommissioun eigentlech eng breet Zoustëmmung zu eiser Politik empfonnt. An dat war eigentlech ëmmer esou."

CSV: Fuerschung soll Lëtzebuerg eppes bréngen

No der Sitzung an der Chamber huet d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen festgestallt, datt an der neier nationaler Fuerschungsstrategie "net wansinneg vill Neies" géif stoen. Et wiere véier Haaptprioritéite festgehale ginn: d'Santé, d'Educatioun, den Developpement durable an d'Transformation industrielle et des services. Et wier wichteg fir ze kucken, "wat herno erauskënnt", esou d'Martine Hansen.

Mat den Ziler vun der Regierung am Fuerschungsberäich weist d'Oppositiounsfraktioun sech averstanen. D'Zilsetzungen hätte sech net vill verännert, an dohier wiere se "schonn déi richteg". Et wier wichteg, "wat hanner deenen Zilsetzunge konkret gefuerscht gëtt, an dann och wat do erauskënnt a wat fir d'Gesellschaft a wat fir Lëtzebuerg och eppes bréngt". Fir d'Martine Hansen wier et wichteg, datt d'Recherche konkret Virdeeler fir Lëtzebuerg géif bréngen.