Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng aner Astellung, wéi Decisioune geholl ginn"

Coronavirus a Schweden

"Eng aner Astellung, wéi Decisioune geholl ginn"

Déi schweedesch Politik steet an der Kritik, well se manner streng Reegele wéi aner EU-Länner ageféiert huet fir d'Ausbreede vum Coronavirus ze limitéieren. Anescht wéi hei am Land sinn d'Primärschoulen zum Beispill nach op. Bis elo ginn et och keng Verbueter, mee éischter Appeller: Et géif op déi Individuell Responsabilitéit gesat ginn, esou eng jonk Lëtzebuergerin, déi zu Stockholm wunnt.

auto_stories

3 min

D'Julia Senninger ass e Méindeg virun enger Woch mam leschten Zuch zeréck vu Lëtzebuerg op Stockholm gefuer. Eng dystopesch Situatioun, beschreift déi jonk Fra.

"Mat engem Schaffner, deen duerch d'Lautsprecher seet: 'Welcome to the last train to Scandinavia'. An da war eng Policekontroll, déi kontrolléiert huet, wien eran dierf. A vu datt mir am Transit waren, si mir dunn erakomm."

Vill Leit schaffe vun doheem aus

Wéi an deenen anere Länner géif och a Schweden den Ament iwwer näischt aneres gelies a geschwat ginn, wéi iwwer den neie Coronavirus. Déi jonk Fra wunnt zu Stockholm a schafft den Ament wéi vill aner Bierger am Télétravail.

Och an der schweedescher Haaptstad géif een d'Effekter mierken, zielt si. Et géif een zum Beispill vill Leit gesinn, déi en Tour trëppele wieren, well si vun doheem aus schaffen an e bëssen un déi frësch Loft wéilten. "Dat heescht, op den Trottoirë gesäit ee vill Leit, mee de Bus ass zum Beispill eidel." Vill Plazen hätten zougemaach an hirem Personal gesot, si sollte vun doheem aus schaffen, och wann hire Büro nach net zou wier, zielt d'Julia Senninger.

Entscheedung läit bei den Organisateuren

D'Panik empfënnt d'Julia Senninger a Schweden allerdéngs als manner grouss, wéi an aneren EU-Länner. Vläicht läit dat dodrun, datt anescht wéi an deene meeschte Länner bis elo keng Restauranten a Caféen zougemaach goufen.

Bis op Eventer mat méi wéi 500 Leit, déi verbuede goufen, wier et jiddwerengem selwer iwwerlooss, op- oder zouzebleiwen. Et wieren awer och vill kleng Evenementer, déi ofgesot gi sinn, zielt d'Julia Senninger, "mee awer och net all". Et wier jiddwerengem selwer iwwerlooss, ob ee wëllt zoumaachen oder net. Hire Fitnessstudio wier beispillsweis nach op, bis op d'Senior Coursen, déi ofgesot wieren. "Et gesäit een, datt vill manner Leit do sinn."

Wëssenschaftlech Recommandatiounen

Manner strikt ass Schweden och, wat d'Schoulen ugeet. Zwar sinn déi meescht Lycéeën an Unien zou, mee d'Primärschoule bleiwe weiderhin op. Et wier a Schweden och eng grouss Diskussioun, zielt d'Julia Senninger, wisou Schweden net wéi aner Länner, méi strikt wier.

"Déi laang Äntwert ass einfach: et ass einfach eng aner Astellung, wéi Decisioune geholl ginn. Hei ass d'Direktioun de la Santé, déi d'Experte sinn. An déi ginn all Dag aus sengem wëssenschaftleche Point de vue Recommandatiounen, wéi mir sollen de Coronavirus bekämpfen an andämmen. An do ass dann d'Beispill, well d'Fuerschung weist, datt d'Schoulen zoumaachen, net dat beschte Resultat gëtt, ass dat net ze recommandéieren. Mee de soziale Kontakt ze limitéieren, datt dat hëlleft, schonn. Datt mir mussen déi al a Risikogruppe schützen, datt dat wichteg ass, fir datt d'Klinicken net iwwerlaascht ginn."

A Schwede géif op déi individuell Responsabilitéit an déi sozial Distanz gesat ginn, esou d'Julia Senninger. Wie sech e bësse krank spiert oder a Kontakt mat Leit war, déi positiv getest goufen, dee misst doheem bleiwen a sech selwer a Quarantän setzen.

Veschidden Dokteren a Wëssenschaftler fuerdere méi streng Mesuren. Schwede géif net alles maache fir d'Ausbreedung ze ënnerdrécken, esou d'Kritik. De Gesondheetssecteur wier net op d'Corona-Kris virbereet, hat de President vum Dokteschverband zu Stockholm rezent gesot.

Leschte Sonndeg hat de schweedesche Premier sech an enger seelener Tëleesusprooch dunn awer méi strikt gewisen. De Stefan Lovfen sot, datt hie seng Leit op eventuell méi invasiv Decisioune wéilt virbereeden. Bis ewell hu sech iwwer 2.300 Mënschen am Land infizéiert, 36 sinn der gestuerwen. (Stand: 24. Mäerz um 17:00 Auer)