Radioen

On air

Notturno  |  Edna Wright - If The Price Is Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kriibs: "Eng 500 Diagnose goufe méi spéit gestallt"

Fondation Cancer

Kriibs: "Eng 500 Diagnose goufe méi spéit gestallt"

Duerch d'Coronapandemie goufen d'lescht Joer eng 500 Kriibsfäll net direkt diagnostizéiert. Dat géif de Staatslabo LNS schätzen, sot d'Direktesch vun der Fondation Cancer.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

Engersäits wieren d'Depistagë wärend dem Lockdown fir eng Zäit gestoppt ginn, an anerersäits hätten d'Leit och méi gezéckt fir bei den Dokter ze goen, esou d'Lucienne Thommes.

Si hofft, datt dee Retard bei den Diagnose mëttlerweil opgeholl gouf - och wann nach keng Statistike vun dësem Joer virleien:

"Ech kann do nëmme kucken, wéi d'Statistike vum leschte Joer waren. Et war do ganz kloer, datt Enn 2020, am Verglach zu 2019, op ee Mol prozentual ganz vill Diagnose gestallt goufen. Also ech huele schonn un, datt de Retard am Gaang ass opgeholl ze ginn."

Vill Fester vun der ONG sinn an d'Waasser gefall

D'Fondation Cancer ass finanziell gutt duerch d'Coronakris komm. D'Lucienne Thommes huet betount, d'Coronakris hätt net zu engem Abroch bei den Done gefouert. Datt hir Fondatioun d'lescht Joer eng 10 Prozent manner Suen erakrut hätt aner Grënn:

"Kréie mer elo eng Kéier en Testament oder net? Dat ass ganz aleatoire. Et ass éischter dat wat den Ënnerscheed mécht: Vläicht kréie mer ee Joer emol en Testament méi, oder en Testament manner. Mee prinzipiell géif ech soen, si mer finanziell gesinn awer gutt duerch d'Kris komm. Mee mir hunn natierlech och ganz vill Fester, déi gemaach ginn, wou den Erléis fir d'Fondatioun ass. Déi Saachen si jo natierlech all an d'Waasser gefall."