GESONDHEET "Endlech kënne mer schaffen, wéi mer et geléiert hunn"

Zanter dem 1. Februar gëllt eng nei Nomenclature fir d'Hiewannen. De Suivi vun der schwangerer Fra virun, wärend an no der Gebuert an och d'Gebuert doheem ginn elo vun der Gesondheetskeess iwwerholl. D'Yolande Klein, Vizepresidentin vun der Lëtzebuerger Associatioun vun den Hiewannen, an zanter bal 35 Joer am Beruff, begréisst déi nei Changementer.

Paule Rodesch

Schwangerschaft

Bis elo war eng Ordonnance vum Dokter néideg, fir d'Visitt vun enger Hiewan ze rechtfäerdegen.

Et huet een also bal krank misste sinn fir vun esou engem Suivi kënnen ze profitéieren. Lo ass et wierklech unerkannt, alles wat physiologesch ass, kann eng Hiewan maachen.

D'Hiewane kéinten elo endlech esou schaffen, wéi si et geléiert hätten an d'Fra während dem ganze Prozess vu Schwangerschaft a Gebuert begleeden. Soubal Komplikatiounen oder eng Krankheet optrieden, ass awer den Dokter zoustänneg.

Besoin fir méi Hiewanen

Engem Rapport vun 2019 no schaffen hei am Land 230 Hiewanen. Déi Zuel géif net onbedéngt duer goen, fir dem Méi un Aarbecht gerecht ze ginn, déi mat deenen neie Méiglechkeeten op si duer kéim. D'Yolande Klein weist sech awer optimistesch datt sech elo méi Leit fir de Beruff intresséieren, an datt och eventuell nach méi Hiewannen aus dem Ausland op Lëtzebuerg schaffe kommen. Dat wier och schonn de Fall gewiescht, nodeems 2018 d'Nomenclature schonn eemol geännert gi war.

D'Yolande Klein geet iwwerdeems dovun aus, datt elo méi Hiewanen hei am Land hiren eegene Cabinet wäerten opmaachen, fir nach méi Zerwisser kënnen unzebidden.

Méi zum Thema

Isabelle Schmoetten Meenung
Fräie Mikro

"D'Haaptsaach d'Kand ass gesond!" kréien Elteren ze héieren, wa si iwwer negativ Erfarungen an der Maternité schwätzen. D'Gesellschaft ass de Mammen a Puppelcher méi schëlleg, mengt d'Isabelle Schmoetten.

Baby
Hiewannen

No enger Gebuert hu Mammen d'Recht op eng Begleedung duerch eng fräiberufflech Hiewann. Déi géifen dofir net entspriechend vun der CNS entlount ginn, heescht et vun der Associatioun vun den Hiewannen

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Redakter/Redactrice Web

    radio 100,7

    Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen