Radioen

On air

Resonanzen  |  Yann Tiersen - L'après midi, aus 'Le fabuleux destin d'Amélie Poulain' (Filmmusek) - Anna Scheps (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "En onlogescht Uerteel"

LuxLeaks

"En onlogescht Uerteel"

Déi zwee fréier PWC-Mataarbechter Antoine Deltour a Raphaël Halet sinn zu 12, respektiv 9 Méint Prisong mat Surcis veruerteelt ginn. D'Verdeedegung reagéiert mat Onverständnis a geet an Appel.

auto_stories

4 min

Ënnerstëtzer vun de Whistleblowers protestéiere géint de Prozess

Um Mëttwochmëtteg gouf am LuxLeaks-Prozess d'Uerteel geschwat.

  • Déi zwee fréier PWC-Mataarbechter Antoine Deltour a Raphaël Halet ginn an éischter Instanz zu 12, respektiv 9 Méint Prisong mat Surcis veruerteelt.
  • De Journalist Edouard Perrin, deem si vertraulech Dokumenter vun der Auditsgesellschaft weiderginn haten, gëtt vum Geriicht fräigesprach.
  • Fir d'Whistleblower kënnt eng Geldstrof vu 1.500 respektiv 1.000 Euro dobäi.
  • Um zivile Plang ginn Deltour an Halet zum symboleschen Euro zugonschte vun hirem fréiere Patron PricewaterhouseCoopers veruerteelt.
  • Si annoncéieren, an Appell ze goen, d'Urteel wier net logesch.


Groussen Interessi vun der internationaler Press un der Affär


"Whistleblowers misste fräigeschwat ginn"

De Raphaël Halet sot no der Verkënnegung, et wier schwaarz op wäiss am Uerteel geschriwwen, datt den Antoine Deltour an hie selwer "Lanceurs d'alerte" wieren. An datt d'Revelatiounen zu Gerechtegkeet a Steiergerechtegkeet bäigedroen hätten. De fréiere Mataarbechter vu PWC versteet net, datt et trotzdem zu enger Veruerteelung komm ass: "Ech mengen, et muss ee logesch sinn: wa mir Whistleblowers sinn, déi am Interessi vun der Allgemengheet gehandelt hunn, musse mir fräigesprach ginn."

Dofir wéilt een elo an Appell goen. De Raphael Halet mécht een Opruff zu enger weiderer Mobilisatioun a freet finanziell Ënnerstëtzung fir de Kampf weider ze féieren. "Och wann et fënnef, zéng oder 20 Joer dauert. Wann et ee Marathon gëtt, mir si virbereet."

Reaktioun Raphaël Haletplay_arrow

"Gesetzlech Fortschrëtter condamnéiert"

Dem Raphaël Halet säin Affekot Bernard Colin sot an enger éischter Reaktioun: "D'Geriicht geet dovunner aus, datt weder d'Lëtzebuerger Gesetz, nach d'EU-Direktiven oder d'Jurisprudenz vum europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff de Moment d'Whistleblower schützt. Mir deelen déi Aschätzung net."

Reaktioun Bernard Colinplay_arrow

De Raphaël Halet a säin Affekot Bernard Colin

Den Antoine Deltour geet a senger Aschätzung vum Uerteel nach méi wäit: "D'Bierger, déi um Ursprong vun der Luxleaks-Affär sinn ze veruerteele bedeit, déi gesetzlech Fortschrëtter ze condamnéieren, déi uechter Europa duerch des Affär zustane koumen."

D'Uerteel wär eng Warnung fir zukünfteg Whistleblower op Käschte vun der Informatioun, déi kruzial wär fir de gudde Fonctionnement vun der Demokratie. De Message vum Geriicht wier, datt een d'Aen sollt zou maachen, wann ee Milliarde géif gesinn, déi op eng zweiwelhaft Manéier d'Steierreglementer géif ëmgoen. "Domat ka kee Bierger sech zefridde ginn, dofir wäert ech an Appell goen", sou de Whistleblower weider.

Reaktioun Antoine Deltourplay_arrow

Den Antoine Deltour a seng Affekote Philippe Penning a William Bourdon

"Schlooft roueg"

Hie géif d'Decisioun schockant fannen, seet dem Antoine Deltour säin Affekot William Bourdon. D'Geriicht hätt kengem vun den Argumenter vun der Verdeedegung Rechnung gedroen. D''Uerteel géif laang eng terribel Anomalie an der Geschicht vum europäesche Recht bleiwen. Whistleblowers sollten doduerch ageschüchtert ginn. Fir d'Entreprise wär et e berouegende Message: "Dir sidd a Sécherheet, schlooft roueg."

Reaktioun William Bourdonplay_arrow

De Philippe Penning seet sech enttäuscht. "mir gesi keng Äntwerten op déi Problemer déi mer soulevéiert hunn", sou den Affekot vum Antoine Deltour. D'Uerteel wier en schlecht Reklamm fir Lëtzebuerg. D'Signal no bausse wär: "D'Finanzplaz gëtt couvréiert, d'Multinationale kënnen hire Kapp a Rou leeën. Maacht iech keng Suergen, wann ee Whistleblower kënnt, mir kréien en."

Reaktioun Philippe Penningplay_arrow

Protestaktioun vun Ënnerstetzer vun de Whistleblowers am Haff vun der Cité Judiciaire

Juncker zum Handelen opgefuerdert

De gréngen Europadeputéierte Sven Giegold fuerdert den EU-Komissiounspresident Jean-Claude Juncker op, eng europäesch Richtlinn zum Schutz vu Whistleblowers virzeleeën.

Reaktioun Sven Giegoldplay_arrow

Ënnerstëtzer vum Antoine Deltour, Raphaël Halet an Edouard Perrin hunn de Prozess an d'Uerteel mat Aktiounen am Haff vun der Cité Judiciaire ugeprangert.

Manifestatioun fir Whistleblowersplay_arrow


D'Uerteel vum LuxLeaks-Prozess: http://www.justice.public.lu/fr/actualites/2016/06/jugement-affaire-luxleaks/index.html