Ëmweltpolitik

“Ëmweltpolitesch Mesüren, déi wéi dinn, wëll keen. Och net déi Gréng.” Sou d’Ausso vum woxx-Journalist Raymond Klein an eiser Wahlemissioun zum Thema Ëmweltpolitik. Beispillsweis hätten déi Gréng den Ausstig aus dem Tanktourismus an hirem Wahlprogramm just ganz “douce” formuléiert. Op enger Table-Ronde vun der Fedil sot d'Christiane Wickler (Spëtzekandidatin vun déi Gréng am Norden, a Patronne vum Pall Center): "Et brauch ee sech net ze schummen, wann ee Bensin verkeeft."

“Déi Gréng stellen opmanst d’Iwwerleeung an de Raum, dass eis Gesellschaft aus dem Wuesstemsdogma eraus muss”, sou d’Presidentin vum Mouvement Ecologique. Zum LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider senger Ausso, dass Wuesstem “den eenzege Wee aus der Krise” ass, seet Blanche Weber: "D’Vergaangenheet huet gewisen, dass Croissance net automatesch mat Wuelstand an Aarbechtsplaze verbonnen ass.”

De Generalsekretär vun der Fedil René Winkin fuerdert sengersäits dass bei der Klima- an Energiepolitik an Europa méi Rücksicht op d’Industrie geholl gëtt: “Mir bezuelen d’Entreprisë fir net ze produzéieren a mir importéieren d’Gidder”.

Lauschtert di ganz Emissioun:

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Programmchef/fin

    radio 100,7

    Den Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Programmchef/fin mat engem Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen