D'Biller vun zerstéierten Haiser an Hotelle vun deemools sinn hänke bliwwen. D'Fro stoung séier am Raum, wéi sech esou Evenementer kënnt verhënnere loossen, erkläert d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg. Staarkreen géif ganz séier kommen a quasi ëmmer iwwerraschend. Dofir hätt een ugefaangen ze modelléiere fir ze wëssen, wou potentiell Gefore sinn.
Sougenannte Starkreenevenmenter mat Nidderschléi vu bis zu 100 Liter op de Metercarré bannent nëmmen zeg Minutten hunn eng enorm Kraaft a si kënne sou gutt wéi guer net virausgesot gi. Fir Christine Bastian, Hydrologin beim Waasserwirtschaftsamt, hätt och hei de Klimawandel seng Fanger am Spill:
"De Klimakontext ass eben deen, datt fir eis Géigenden déi Zenarien, déi Previsiounsmodeller fir de Klimawandel virausgesinn, datt d'Quantitéit u Nidderschlag dat ganzt Joer quasi konstant bleiwe wier, mee datt et méi am Wanter wäert reenen, a manner am Summer. Mee wann et am Summer reent, dann ebe méi hefteg, sou datt mer an Zukunft mussen dervunner aus goen, datt mer méi dacks Héichwaasser an der Suite vu staarkem Reen wäerten hunn."
Wou ass de Risiko besonnesch héich?
Fir trotzdeem preventiv kënnen aktiv ze gi an de Gemengen a Rettungsekippen Informatiounen ze liwweren, huet den Ëmweltministère zesumme mam Waasserwirtschaftsamt Date gesammelt, se modelléiert, a Karten erstallt.
D'Karten, déi um Geoportal fir jiddwereen zougänglech sinn, weisen a verschiddene Faarftéin, wou de Risiko vun esou Evenementer besonnesch grouss ass, a wéi e Schued u Betriber oder ëffentleche Gebaier kann entstoen.
De Gemengen Informatioune ginn
De Claude Meisch, Hydrolog beim Waasserwirtschaftsamt erkläert, datt ee proaktiv wësse wëllt, wou déi potentiell Gefor vum Nidderschlag ass, ier et geschitt. Et wéilt ee wëssen, wéi ee Wee d'Waasser sech siche géif, an datt een op dëse Plaze Mesurë kéint huelen. D'Geforekaarte sollen e Bewosstsinn schafen, een Deel vun der Strategie ass et deemno dem Grand public Informatioune bereet ze stellen.
D'Gemengen hätte laut Ëmweltministerin Carole Dieschbourg elo e wichtegt Instrument an der Hand, un hinnen ass et elo de Finetuning ze maachen a problematesch Punkte bei de Waasserleef oder der Infrastruktur ze identifizéieren an ze korrigéieren. Etüde fir Preventiounsprojete ginn dobäi iwwer de Fonds de la Gestion de l'eau finanzéiert.