Een entspriechende Comité soll all dräi Méint de Suivi vun den Aktivitéiten um Crassier maachen. A wéi wäit d'Ëffentlechkeet doriwwer informéiert wäert ginn, ass den Ament nach net gewosst. Hannergrond ass ënner anerem, datt d'Wierksdeponie vun ArcelorMittal um Crassier keng Autorisatioun huet, an datt net genee gewosst ass, wéi eng Offäll do leien. ArcelorMittal muss dofir bis Juli wieder Informatioune liwweren a sech konform setzen.