Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2020: Emploi geet 2 Prozent an d'Luucht

Statec

2020: Emploi geet 2 Prozent an d'Luucht

De Lëtzebuerger Aarbechtsmaart huet sech am Verglach mat deem vun den aneren EU-Länner wärend der Pandemie besonnesch gutt gehalen. Dobäi waren de Chômage partiel an den Télétravail zwou grouss Ursaachen, esou de STATEC.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Wéinst dem staarke Wirtschaftswuesstem wiisst den Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg an normalen Zäite bestänneg a méi dynamesch wéi an aneren EU-Länner.

Télétravail relativ einfach par rapport zu anere Länner

Mee och am Pandemie-Joer 2020 ass d'Beschäftegung ëm zwee Prozent gewuess, wärend se an deene meeschten EU-Länner zeréckgaangen ass.

Datt wéineg Aarbechtsplaze verluer gounge leit um Chômage partiel, dorun, datt d'Proportioun - op d'mannst ënner de Residents - vun Zäitkontrakter a CDDe vergläichsweis niddreg ass, an dem Télétravail.

Wéinst der Struktur vun der Ekonomie an dem groussen Déngschtleeschtungssecteur konnt zu Lëtzebuerg vill op den Télétravail gesat ginn. Wee souwisou um Computer schafft, kann dat relativ einfach och vun doheem aus maachen.

Dat goung net an alle Länner. Zemools déi vum Tourismus ofhängeg Mëttelmierstaaten konnten net an esou grousse Mooss vum Télétravail profitéieren.

Am ëffentleche Secteur gouf vill rekrutéiert

Wärend zu Lëtzebuerg d'Zuel vun de geschaffte Stonnen 2020 ëm 3,3 Prozent zeréck goung, ass se a Griicheland ëm 11,2 Prozent gefall. Lëtzebuerg huet och mat 52 Prozent den niddregsten Taux vu Salariéen, déi ni an den Télétravail konnte goen.

Datt den Emploi awer wärend der Kris och nach zougeholl huet, also zousätzlech Leit agestallt goufen, féiert de Statec a sengem Regards Nummer 14 och dorop zeréck, datt d'Restriktiounen zu Lëtzebuerg manner streng, respektiv vu Branche zu Branche méi nuancéiert waren, wéi an anere Länner.

Déi Hausse vum Emploi hei zu Lëtzebuerg ass net op eng spezifesch Branche zeréckzeféieren, iwwerall gouf neit Personal agestallt, ausser an der Landwirtschaft an an der Industrie.

Mee am meeschte rekrutéiert gouf am ëffentleche Secteur - dozou gehéieren d'Administratiounen, den Enseignement, d'Santé an d'action sociale - an der Immobiliëbranche an um Bau. Souguer am Commerce, dem Transport an am Horeca-Beräich ass den Emploi geklommen. De Statec warnt awer, datt net heesche well, datt d'Zuel vun dem Employéen an d'Luucht gaangen ass.