Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Elektrobornen: Installatioun soll méi attraktiv gemaach ginn

Elektromobilitéit

Elektrobornen: Installatioun soll méi attraktiv gemaach ginn

De Staat wëllt d'Installatioun vu privaten Elektrobornë méi attraktiv maachen. En neit Reglement soll Verbesserunge fir Asblen, Koproprietéiten a Leasingsfirme bréngen, seet de Claude Turmes am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bis ewell konnten Asblen oder Fondatiounen net vun de Subside fir d'Installatioun vun Elektrobornë profitéieren. Mam neie Reglement géifen och si Subside kréien, esou de Claude Turmes.

Vernetzt Elektrobornen

Weider soll et méi attraktiv gi fir Bornen an de Koproprietéiten ze installéieren. Deemno soll all eenzele Proprietär aus enger Koproprietéit 450 Euro finanziell Ënnerstëtzung kréien, erkläert den Energieminister.

Fir datt et net zu enger Iwwerlaaschtung vum Stroumnetz kënnt, wieren intelligent Elektrobornen an den neie Gebaier eng Norm. Sou Bornë sinn intelligent matenee vernetzt an optimiséieren, wéi vill Stroum wéini a wéi een Auto geschéckt gëtt.

An den neien Appartementer muss eng Installatioun agebaut ginn, déi eng 8.000 bis 10.000 Euro kascht, seet de Claude Turmes.

Verbesserunge soll et och fir Leasingsfirme ginn esou den Energieminister Claude Turmes. 50 Prozent vum Autosmarché lafen iwwer eng Leasingsfirma. Dacks géifen déi selwer proposéiere fir Elektroborne bei hire Clienten ze installéieren. Dofir wéilt een et elo erméiglechen, datt dës Firmen am Numm vum Proprietär Subsiden ufroe kënnen.

2.850 Demande fir Subsiden zanter 2020

Zanter dem Ufank vun de Subsiden 2020 wiere ronn 2.850 Demande fir d'Subsiden erakomm, esou d'Ëmweltverwaltung. Eleng an de leschten dräi Méint wieren 900 Demanden, knapp een Drëttel vun hinnen all gemaach ginn.

D'Demarche wier rezent digitaliséiert ginn, esou d'Ëmweltverwaltung. D'Upassunge vum Energieministere mussen elo nach vum Staatsrot aviséiert ginn.