Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éisträich no der Regierungskris

Korruptiounsskandal

Éisträich no der Regierungskris

Gutt zéng Deeg sinn et hier, datt de Sebastian Kurz als éisträichesche Bundeskanzler zeréckgetrueden ass, an domat d'Regierungskris an der Alperepublik fir d'éischt emol eriwwer war. An trotzdeem suergt déi Causa nach ëmmer fir Schlagzeilen. Nei Revelatioune weisen, wéi de Sebastian Kurz a säin Entourage Drock op Fuerschungsinstituter gemaach hunn. An ausgerechent elo, wou d'Justiz géint héichrangeg Politiker ermëttelt, muss d'Regierungskoalitioun decidéieren, ob déi sougenannte Kronzeugenregelung bestoe bleift.

auto_stories

2 min

Ee Gerücht ass déi lescht Deeg ëmmer nees an den éisträichesche Medie kurséiert: Eng zentral Figur an der Korruptiounsaffär, déi d'Regierungskris ausgeléist huet, wéilt auspaken. Konkret heescht dat, si seet géint aner Bedeelegter an der Affär, dorënner och den Ex-Kanzler Sebastian Kurz, aus a kritt dofir eng méi kleng Strof. D'Basis dofir ass déi sougenannte Kronzeugenregelung. Allerdéngs leeft dat entspriechend Gesetz dozou Enn des Jores aus.

Fir datt d'Gesetz och an Zukunft weider gëllt, musse sech déi zwou Regierungsparteien eenegen. Dat sinn engersäits déi Gréng, déi de Récktrëtt vum Sebastian Kurz gefuerdert haten, an anerersäits deem seng konservativ ÖVP, déi weiderhin vu falsche Virwërf géint hire Parteichef schwätzt. Et misst nach verhandelt ginn, heescht et vu béide Säiten. Wou genee d'Meenungsverschiddenheete bei der Kronzeugenregelung leien, gëtt net gesot.

Och Drock op Wirtschaftsfuerschungsinstituter

Allgemeng ass d'Verhältnis tëscht den zwou Koalitiounsparteien zanter der Regierungskrise ganz ugespaant. Ausgeléist gi war dës politesch Krise virun zwou Wochen duerch Ermëttlunge géint den deemolege Kanzler Sebastian Kurz a säin Entourage. Et geet dobäi em Virwërf vu Korruptioun a Verontreiung aus der Zäit wou de Sebastian Kurz nach net Kanzler a Parteichef war. Sou soll eng grouss Boulevards-Zeitung Regierungsinserater am Tosch fir favorabel Berichterstattung kritt hunn. Och soll eng Demoskopin iwwer Scheinrechnunge mat Steiersue bezuelt gi sinn, fir gefälschten Ëmfroen ze maachen. All déi Beschëllegt weisen d'Virwërf vu sech.

Scheinbar wollt een awer net nëmmen Emfroeresultater kontrolléieren, mee och wirtschaftspolitesch Fuerschung. Dat geet aus rezente Medieberichter ervir. Sou soll en enke Vertraute vum Sebastian Kurz an engem Chatgespréich dovu geschwat hunn, d'Cheffe vun den zwee gréisste Wirtschaftsfuerschungsinstituter an Éisträich "op Linn" ze bréngen. Ee vun den zwee erwäänten Wirtschaftsfuerscher huet an engem Interview bestätegt, datt him mat Budgetskierzunge gedreet gouf. Deen aneren ass mëttlerweil Aarbechtsminister. No de Revelatiounen huet hien awer betount, datt hien a senger Zäit als Direkter vum Fuerschungsinstitut ëmmer all Ameschungsversuch kloer zeréckgewisen hätt.