Well d'Demande an den nächste Jore wäert klammen, hu sech Experten a politesch Responsabel um éischte Waasserstoffkongress vun der Groussregioun zu Saarbrécke getraff.
Et misst ee virun allem kucken, wéi een un déi grouss europäesch Waasserstoffreseauen ugebonne gëtt, seet de Pit Losch, zoustänneg fir Waasserstoff am Energieministère:
"Wann een d'Klimazil bis 2050 wëllt erreeche fir klimaneutral ze sinn, da wäert een [...] tëschent 4 an 10 Terawattstonnen Hydrogen brauchen. Dat si Quantitéiten, déi een onméiglech zu Lëtzebuerg ka produzéieren."
Et géif een deemno vu virera feststelle kënnen, datt ee mat den Nopeschlänner, der Nopeschregiounen an och mat Drëttlänner misst zesummeschaffe fir de Waasserstoff ze produzéieren an ze transportéieren.