Den Haaptresponsabelen, den Dokter Pierre Hertz, seet, datt déi nei Centres de soins keen Ersatz fir e Spidol sinn. Et wier eng ambulant Behandlung. Wa Patiente liicht Covid-19 Symptomer hunn, géife si heem an d'Quarantän geschéckt ginn. Fir Covid-19 Patiente mat Komplikatioune géif et an den Zenteren eng éischt Prise en Charge ginn, wann néideg mat Oxygen. Duerno géife si an e Spidol geschéckt ginn. An den Zenter géifen och Tester op den neie Coronavirus gemaach ginn.
Annerhallef Stonn no der Ouverture hate sech, dem Pierre Hertz no, ronn 20 Patienten an deem neien Zenter an de Foireshale presentéiert. Déi Zuel wäert awer konstant evoluéieren, an den Zenter hätt eng grouss Capacitéit.
D'Maximalcapacitéit géif vun der Unzuel u Moduller ofhänken, déi een installéiere wäert. Et schätzt een, datt een op der héchster Ausbaustuf wéinstens 1.500 Persoune kéint traitéieren.
Déi aner dräi grouss Zentere sollen am Laf vun der Woch opgoen, dat sinn d'Rockhal zu Esch/Belval fir de Süden, d'Ettelbrécker Däichhal fir den Norden an de Centre culturel vu Gréiwemaacher fir den Osten.