Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng éischt Versioun vun engem Klimaofkommes zu Glasgow

COP26

Eng éischt Versioun vun engem Klimaofkommes zu Glasgow

Op der Welt-Klimakonferenz zu Glasgow läit en éischten Entworf vum Akkord tëschent bal 200 Länner prett. Ëmwelt-Organisatioun geet den Akkord bei Wäitem net duer, mee e puer Fortschrëtter gëtt et trotzdeem ze mellen.

auto_stories

2 min

Am Text steet dran, datt Länner méi séier Kuel als Energiequell sollen ofschafen. An och d'Subside fir Fossil-Energie solle stoppen. Dat si just zwou Zeilen, mee déi si wichteg, a ginn als positiv ugesinn. Mee elo muss gekämpft gi fir déi am Akkord ze halen. Et ass hei zu Glasgow gewosst, datt Länner wéi Saudi-Arabien, Russland, China, Indien an Australien do net einfach ze iwwerzeege wäerte sinn.

"Eng léif Ufro"

Et ass just en éischten Entworf vun engem Text, deen am Endeffekt wuel als Klimaofkommes vu Glasgow an d'Geschicht agoe wäert, op positiv oder negativ, datt kënnt op de Point de Vue un. Dem Lëtzebuerger Negociateur André Weidenhaupt no ass den Akkord zimmlech ambitiéis.

Mee Greenpeace zum Beispill seet, datt et sech ëm eng léif Ufro handelt, u Länner déi villäicht, méiglecherweis nächst Joer méi maache kéinten. Effektiv ginn e puer Saachen op Enn 2022 verluecht. Dee Moment solle Länner nees nei Ziler presentéiere fir hir CO2-Emissiounen ze kierzen. An datt sollen si da wa méiglech all Joer maachen. Dat kéint Länner wei China, Indien, oder Brasilien net gefalen.

Keng konkret Hëllef fir méi arem Länner

Villes gëtt et nach ze negociéieren an ze verbesseren. Et ass keen Akkord dra vir d'Emissioune vun den Zäregaser bis 2030 ze hallwéieren. Dat gëtt awer als essentiell ugesinn. A wat d'finanziell Hëllef fir méi arem Länner ugeet, ass och näischt Konkretes ze fannen. 100 Milliarden Dollar solle jo all Joer hir, mee e Plang fir op déi Zuel ze kommen an dann och ze erhéije gëtt et keen.

Bis e Freide soll et en Akkord ginn dee muss unanime, vu bal 200 Länner ënnerschriwwe ginn.