Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - Marble Walls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Sëtzung vum Klima-Biergerrot

Klimapolitik

Éischt Sëtzung vum Klima-Biergerrot

De Klima-Biergerrot ass fir d'éischte Kéier zesummen. E gouf an der Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt a soll d'Klimapolitik vun der Regierung ënner d'Lupp huelen.

auto_stories

2 min

De Rot besteet aus 100 Member vu 16 Joer un, dorënner och en Deel Frontalieren, a soll gesellschaftlech representativ sinn.

Am Klima-Biergerrrot soll diskutéiert ginn, ob Lëtzebuerg am Kampf géint de Klimawandel méi wäit goe kann a wëll, a wa jo: mat wéi enge Moossnamen. "Wat si mer bereet ze maachen?", esou de Xavier Bettel.

D'Regierung wëllt sech aus den Diskussiounen eraushalen

De Premierminister huet beim online Lancement ënnerstrach, d'Regierung kéint zwar einfach Decisiounen huelen, mee wann ee beim Klimawandel weider wéilt kommen, da misst jiddwerengem bewosst sinn, datt e matmaache misst.

D'Regierung géif sech aus den Diskussiounen am Rot ganz eraushalen, esou nach de Premier un d'Adress vun de Member vum Klima-Biergerrot:

"Mir mëschen ons an d'Diskussiounen net an. Mir sinn haut do, den Här Turmes, d'Madamm Dieschbourg an ech selwer. An da fäerdeg. Wann de Rapport bis presentéiert gëtt, gëtt en da presentéiert. Mee fir eis ass dat elo d'Aarbecht, déi Iech zousteet. A wou Dir och musst déi Decisiounen huelen."

Bis Juli soll de Klima-Biergerrot seng Aarbecht ofgeschloss hunn.

"Eng komplementär Stëmm"

D'Propose sollen dann an der Chamber ëffentlech debattéiert ginn. D'Conclusiounen aus dem Klima-Biergerrot géife keng politesch Entscheedungen ersetzen, wieren awer eng komplementär Stëmm, esou de Raphaël Kies e Freideg um radio 100,7.

Déi géif grad ewéi déi vun den Experten oder vun der Zivilgesellschaft am Decisiounsprozess zur Kenntnis geholl ginn, sou de Politolog am 100,7-Interview.

De Premier Xavier Bettel hat zejoert am État de la Nation ugekënnegt, esou e Instrument vu Biergerbedeelegung wëllen anzesetzen, fir gewuer ze gi wat d'Leit iwwer Klimaschutz denken a wéi eng Mesurë si géife proposéieren. Aus méi wéi 1.000 Kandidature sinn 100 Leit erausgesicht ginn: si sollen e Spigelbild vun eiser Gesellschaft duerstellen.


Notiz: de Raphaël Kies ass Memeber vum Verwaltungsrot vum radio 100,7.