Vläicht dierft et guer net sou verwonnerlech sinn, datt Gréng a Liberal vun alle méigleche Kommunikatiounsweeër d'Plattform Instagram ausgewielt hunn. Um sozialen Netzwierk hunn d'Spëtzepolitiker vu béide Parteien an der Nuecht op e Mëttwoch all dat selwecht Bild verëffentlecht - et sollt weisen: Mir hunn eis éischt Sondéierungsgespréicher ugefaangen.
Net verwonnerlech ass et dowéinst, well Gréng a Liberal bei den Éischtwieler a bei deenen ënner 30 Joer vun alle Parteien am stäerksten ofgeschnidden hunn. D'Generatioun Instagram huet B90/Die Grünen an FDP staark gemaach, elo kréie se do Bescheed gesot iwwer déi éischt Gespréicher.
Gemeinsam Ziler vun FDP a Gréng
Déi Gréng an déi Liberal gehéieren zu de grousse Walgewënner. A si verstinn hire Succès ganz änlech: als Optrag, d'Land ze erneieren.
An de sougenannte Virsondéierungen wëlle Baerbock, Lindner, Habeck a Co. gemeinsam Linne fannen, déi en Neistart vun der däitscher Regierungspolitik sollen erméiglechen.
Mee net just d'Parteicheffen sichen an dësen Deeg no Gemeinsamkeeten. De Vize-Fraktiounschef vun de Gréngen, Konstantin von Notz, sot der ARD zum Beispill:
"Wenn man über einzelne Maßnahmen redet, dann ist der Weg weit. Wenn man über gemeinsame Ziele redet, dann ist der Weg wahrscheinlich gar nicht mehr so weit."
Differenze mussen aus dem Wee geraumt ginn
Trotzdeem: Fir mat enger gemeinsamer Linn op d'SPD oder d'Unioun duerzegoen, musse Gréng an FDP nach eng Rei Hürden aus dem Wee raumen. Well Ënnerscheeder ginn et der Genuch: déi Gréng wëllen d'Loyeren deckelen, déi Liberal dat op alle Fall verhënneren. Déi Gréng wëllen e Mindestloun vun op d'mannst 12 Euro d'Stonn, fir d'FDP wier dat eng Katastroph.
Iwwert deem ganzen schwieft de Schied vun 2017 - deemools waren Unioun, Gréng an FDP schonn eng Kéier a wochelaang Verhandlungen getrueden. Um Enn huet d'FDP d'Gespréicher ofgebrach, d'Resultat war eng weider Grouss Koalitioun. Dat soll sech net widderhuelen, sot déi fréier Grénge-Cheffin Claudia Roth.
55 Prozent vun de Leit wëllen eng Ampelkoalitioun
Bausse vir steet bis elo d'SPD, déi grouss Walgewënnerin. D'Partei vum Olaf Scholz geet kloer dovun aus, datt si et wäert sinn, déi schlussendlech an enger Ampelkoalitioun mat Gréngen a Liberalen wäert regéieren. De Kanzlerkandidat Scholz huet, wärend d'Gespréicher tëscht de méigleche Juniorpartner ugefaangen hunn, fir esou e Bündnis plädéiert. Do géif eppes zesummepassen, wann een et dann zesummebréngen wéilt, sot hien.
Rezenten Ëmfroen no wier e Bündnis vun SPD, Gréngen an FDP och bei den däitscher Bierger:innen am beléiftsten. 55 Prozent vun de Leit hu sech am DeutschlandTrend fir d'Ampel ausgeschwat, just 33 Prozent fir eng Jamaika-Koalitioun vun Unioun, Gréngen an FDP.