Radioen

On air

De Moien  |  Foxygen - Follow The Leader

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Flüchtlingsfamillen zu Ettelbréck ukomm

Flüchtlingen

Éischt Flüchtlingsfamillen zu Ettelbréck ukomm

Wéinst der Flüchtlingskris goufe verschidde Site fir den Accueil vun Asyldemandeure provisoresch ëmfunktionéiert, dat gëllt fir d'Maternité, d'Logopädie an eben och fir d'Annexe vum Ettelbrécker CHNP. D'Caritas ass ënnert anerem zoustänneg fir de Suivi vum Foyer vun Ettelbréck, wou déi éischt Famillen empfaange goufen.

auto_stories

2 min

De Refectoire vun der Annex vum CHNP zu Ettelbréck (©Caritas)
Mëttelfristeg sollen am ganzen 200 Asyldemandeuren zu Ettelbréck ënnerkommen an also bei déi zwou Famillen derbäi komm, déi lo ukomm sinn. Eng Equipe vun Educateuren, Iwwersetzer a Psychologe soll sech op der Plaz em den Encadrement vun de Leit këmmeren, erkläert den Yves Schmidt vun der Caritas, déi fir de Suivi zoustänneg ass. Fir d'Kanner si Schoulklasse vu Precoce a Grondschoul um Site virgesinn. Vun zwielef Joer un ginn d'Kanner an d'Classe d'accueil vum Dikrecher Lycée. Déi ganz Struktur ass bis Mëtt 2016 fräi an ass fir Famillen, Fraen a Mannerjäreger geduecht.

E Gebai geet net duer

Déi alternativ an nach provisoresch Gebaier ewéi zu Ettelbréck sinn néideg, well d'Strukture vum OLAI, mat 2.400 Plazen, net méi duergi fir d'Asyldemandeuren, déi bannent kuerzer Zäit ukomm sinn, ënner Daach ze kréien. Mee ee Gebai geet net duer – wichteg ass och den Encadrement vun de Flüchtlingen, déi dacks Kanner bei sech hunn, seet den Yves Schmidt. An de Conventioune mam OLAI, dem Office d'accueil et d'intégration, ass jo och virgesinn datt ee ganze soziale Suivi garantéiert gëtt.

Ee Besoin gëtt et zu Ettelbréck weiderhi fir Persounen ze fannen déi Sproochecourse fir Erwuessener kéinten ubidden. Wéinst de sproochleche Schwieregkeeten intervenéieren de Moment Iwwersetzer op der Plaz, ënner anerem och mat de Nopere rondrëm.

AUDIO

De Bäitrag vum Carole Schimmer