Déi nei Startplaz huet de Virdeel, datt vun hei aus och kleng Satellitte kënnen an den All geschoss ginn.
D'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen war genee ewéi déi aner EU-Kommissären bei der Ouverture derbäi, fir den Optakt vun der schwedescher EU-Presidence ze markéieren.
"De Virdeel, datt een och kleng Satellitte lancéiere kann, ass immens", huet d'Kommissiounscheffin ënnerstrach.
D'Ursula von der Leyen huet d'Beispill vu Bëschfeier, mee och vum Krich an der Ukrain genannt, wou d'Land Beweegung vu russeschen Truppen mat der Hëllef vu Satellitten observéiere konnt.
Demande no Satellitte gëtt ëmmer méi grouss
Den Ament dréinen eng 5.000 Satellitten ronderëm d'Äerd, d'Bedreiwer vum Spaceport Esrange ginn dovun aus, datt déi Zuel bis 2040 op 100.000 erop geet, erkläert eis op der Plaz den Philip Ohlsson, zoustänneg fir d'Kommunikatioun bei der Schwedescher Weltraumorganisatioun:
"D'Rakéiten, déi mer bis an engem Joer vun hei aus fortschécken, kënnen eng Charge vu 150 bis 500 Kilo transportéieren. Mir hunn dräi Startplazen an doriwwer eraus zanter de 60er Joren hei um Spaceport Esrange eng grouss Infrastruktur opgebaut, wat och wichteg ass."
De Site ass zwee Mol esou grouss ewéi Lëtzebuerg, e bitt sech och un, well an där Regioun net vill Fluchverkéier ass, esou den Porte-parole.
Geplangt ass doriwwer eraus, datt op der Plaz Rakéiten getest ginn, déi méi ewéi eng Kéier kënnen agesat ginn.