Éischt ëffentlech Reaktioun Juncker no "LuxLeaks"

D’EU-Kommissioun proposéiert di europawäit Aféierung vum automateschen Austausch vu Rulingen, also Steier-Accorden tëschent nationale Verwaltungen a Gesellschaften. Dat huet de President vun der Kommissioun, Jean-Claude Juncker, am Virfeld vun enger kuerzfristeg aberuffer Debatt am Europaparlament iwwer d’Luxleaks-Affär widderholl. De Jean-Claude Juncker wëll dës Propos och um Niveau vun den 20 gréisste Staaten op der Welt duerchsetzen. Donieft sollt – Bréissel no - eng europäesch consolidéiert Steier-Assiette fir Betriber agefouert ginn. Dës Engagementer am Kampf géint d’Steierhannerzéiung hunn de mëtten net all d’Fraktiounen am Europaparlament iwwerzeegt.

De Bäitrag vum Gil Goebbels:

 

 

Als fréieren LSAP-Deputéierten hat de Jeannot Krecké scho 1997 an engem Rapport op d’Gefore fir de Grand-Duché vum System vun den Tax Rulings opmierksam gemaach, schreift Paperjam. Déi Passage wieren awer aus dem deementspriechende Rapport iwwer Steierbedruch, deen den Deputéierten an Optrag vum deemolege Premier- a Finanzminister Juncker gemaach hat, erausgeholl ginn, op mannst aus der Versioun déi fir de grousse Publik gemënzt war. De Jeannot Krecké huet eis op Nofro hi confirméiert, datt et 3 Originalversioune vun deem Rapport gi sinn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen