Radioen

On air

Tockcity  |  Brother - Sixteen Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ein blödes Versäumnis"

Däitschland

"Ein blödes Versäumnis"

Déi gréng Kanzlerkandidatin Annalena Baerbock huet Nieweverdéngschter ze spéit deklaréiert an geréit dofir elo an d'Kritik. Keng gutt Ausgangspositioun fir e Walkampf an deem si op Transparenz a Moralitéit setzt.

auto_stories

3 min

Datt Politikerinnen a Politiker vum däitsche Bundestag Nieweverdéngschter kasséieren ass weder onüblech nach verbueden - soulaang se dës eben rechtzäiteg bei der Bundestagsverwaltung deklaréieren. Dat huet awer déi gréng Parteicheffin Annalena Baerbock verpasst.

E Mëttwoch koum eraus, datt si eréischt am Mäerz, puer Wochen éier si zur Kanzlerkandidatin ernannt gouf, Nieweverdéngschter am Wäert vun iwwer 25.000€ gemellt hat, déi si awer an de Joren 2018 bis 2020 kasséiert hat. Dës Suen koumen aus hirer eegener Partei an goufen jeeweils um Enn vum Joer als Bonus ausbezuelt.

"Ein blödes Versäumnis", nennt d'Baerbock dësen Tëschefall am "Handelsblatt". Et géif si am allermeeschten opreegen a si hätt et direkt selwer gemellt, wéi hier dëse Lapsus opgefall wier. "Kënnt vir" kéint een sech elo denken, mee d'Affär huet d'Potential sech nach staark op de Walkampf vun der grénger Politikerin auszewierken.

D'Unioun freet sech

Besonnesch eng Partei ewéi déi Gréng, déi esou op Transparenz an moralesch Integritéit pocht, geréit schnell an d'Kritik, wann hiert eegent Verhalen dëse Virstellungen net komplett entsprécht. Besonnesch d'Uniounsparteie reiwen sech elo d'Hänn an hoffen, datt de Virfall d'Baerbock an de Sondagen nees hanner si zeréckwerft.

Den CSU-Generalsekretär Markus Blume huet de Grénge Schäinhellegkeet an Duebelmoral virgehäit an sot et wier grotesk, datt ausgerechent déi gréng Kapitalismuskritiker hirem Virsëtz Erfollegsprimmen bezuelen. Niewent der Baerbock huet och den eemolegen Parteichef Cem Özdemir kierzlech Nieweverdéngschter aus den Joren 2014 bis 2017 deklaréiert.

De Walkampf ass schonn am Gaang

Besonnesch an der sougenannter Maskenaffär ëm gewëss Uniounspolitiker, déi bei der Vermëttlung vun Otemschutzmasken Suen solle kasséiert hunn ouni se ze mellen, haten déi Gréng méi schaarf Transparenzreegelen gefuerdert. D'Annalena Baerbock sot an dem Kontext, d'Vertrauen an d'Demokratie stéing um Spill.

D'Regierungsparteien hunn no der Maskenaffär e méi strikten Ëmgang mat Nieweverdéngschter op de Wee bruecht. Déi Gréng hu kritiséiert, datt dës Entscheedung vill ze spéit kënnt. Elo mussen si sech selwer verantworten.An och wann der Baerbock hiren Lapsus net mat der Maskenaffär gläichzesetzen ass, sëtzt si elo op mannst e Stéck wäit selwer am metaphoreschen Glashaus. Keng optimal Viraussetzung fir de Walkampf.

Et ass och net déi éischt Affär, an där sech d'Baerbock erkläre muss. Eréischt lescht Woch gouf hier virgehäit bei hirem akademeschen Titel gefuddelt ze hunn. Si hat no engem Virdiplom zu Hamburg e Master zu London gemaach. Vue datt de Virdiplom awer keen Bachelorofschloss wier, kéint si och kee Masterofschloss hunn, sou hier Kritikerinnen a Kritiker. Dobäi gouf et deemools an Däitschland nach net iwwerall de Bachelor-Master-System. Mee wat interesséieren scho Fakten, wa Walkampf ass.