Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëffentlech Gewalt?

Prisma

Ëffentlech Gewalt?

D'Police huet d'Recht, Gewalt unzewenden. Mee net egal wéi, an net egal wéini. A si huet och d'Flicht, noutfalls Gewalt unzewenden. A klassescherweis gëtt et do jo déi zwou üblech Extrempositiounen. Op där enger Säit déi Leit déi mengen, d'Police misst dach endlech richteg dra fachen dierfen, dat géif d'Problemer scho léisen. An déi aner déi mengen, d'Police wier de Problem, an dofir dierft een dann op si fachen Mee Extreempositioune sinn net onbedéngt hëllefräich, fënnt den Thomas Koenig. An dofir huet hie sech dann e puer Gedanken zu der Missioun vun der Police gemaach.

auto_stories

6 min

Foto: Bigstock / actionsports

Et kéint ee mengen, d'Police wär eng Institutioun, déi esou al ass, wéi d'Staate selwer. Mee deem ass net esou. Eis aktuell Staate sinn d'Produkt vun der Moderne. Fir eis haut schéngt et selbstverständlech, datt e Staat souverän soll sinn. Mee dat ass zum Beispill eng Iwwerleeung, déi eng Konsequenz vum Drëssegjärege Krich war.

Modern Problemer, an dofir eben och modern Léisungen. An d'Iddi vun der Police, wéi mir se haut hunn, ass och relativ rezent. Et gouf zwar ëmmer Organisatiounen, déi fir Uerdnung a Fridde gesuergt hunn. Mee déi waren net ëmmer national organiséiert, oder si waren a privaten Hänn, oder si ware militärescher Natur.

Am fréien 19. Joerhonnert gouf et an Europa vill Verännerungen. Duerch d'industriell Revolutioune gouf et op emol nei sozial Klassen. Duerch politesch Revolutioune gouf et méi Fräiheeten a manner Kinneken. An dat alles huet nei Organisatioune gebraucht, déi innerhalb vun der Gesellschaft fir Fridde suerge sollten.

Mee wat dann elo genee d'Roll vun der Police soll sinn, wéi se handele soll, wat se däerf a wat se net däerf, dat sinn Froen, déi ëmmer erëm fir Diskussioune gesuergt hunn. A wa mer kucken, wat an de leschte Wochen esou lass war, schéngt et och nach ëmmer Diskussiounsbedarf ze ginn.

An et ass och e schwierege Problem. Op där enger Säit hu mer eng Institutioun, déi fir Fridde suergen soll. Klengt jo u sech gutt. Mee op där anerer Säit muss an däerf déi Institutioun awer och Mëttele benotzen, déi net onbedéngt friddlech sinn. Fir Fridden an Uerdnung suergen, andeems een dem Bierger d'Gesiicht mam Knëppel masséiert ... dat kann e bësse paradoxal wierken.

Wat ass d'Roll vun der Police?

Dofir, leeë mer emol lass: Wat ass dann eigentlech d'Roll vun der Police?

Fir eng Institutioun komplett separat vun hirem sozietalen oder historesche Kontext ze denken, ass net onbedéngt sënnvoll.

Dofir, kommt, mir kucken eis mol eis lokal Gesetzer un. An zwar d'Gesetz vum 18. Juli 2018 sur la Police grand-ducale. Do stinn direkt e puer interessant Punkten dran. Zum Beispill beim éischten Artikel, hir Missioun: "[elle] est chargée d'assurer la sécurité intérieure". Artikel 2: Elle veille au respect et contribue à la protection des libertés et des droits individuels. Artikel 3: Elle veille au maintien de l'ordre public, à l'exécution et au respect des lois, à la prévention des infractions et à la protection des personnes et des biens.

Schwéier kompatibel Missiounen

Also, ech zielen nach emol op: Sécurité intérieure a Protection des libertés et droits individuels. Do hu mer schonn deen éischten Problem. Fräiheete kann et net ouni Aschränkunge ginn. Dat heescht, wann ech op där enger Säit individuell Rechter schütze wëll, muss ech warscheinlech op där anerer Säit heiansdo mol verschidde Fräiheeten aschränken. Zum Beispill e Kriminelle festhuelen.

Wéi eng Fräiheete mer hunn, a wéi déi ze interpreteiere sinn, dat läit jo net an der Appreciatioun vun der Police. Mir hu jo d'Gewaltentrennung, an dat sinn jo och Theemen, déi ëffentlech kënnen a sollten debattéiert ginn.

En anere Punkt, deen interessant ass, ass dee vun der execution a vum respect des lois. D'Police muss sech also drëm këmmeren, datt d'Gesetz ausgeféiert a respektéiert gëtt. Klengt relativ novollzéibar. Mee wat maachen ech als Polizist, wann ech op emol e Gesetz applizéiere muss, dat ech moralesch net vertriede kann. Oder wann ech mat engem Bierger ze dinn hunn, deen net gewëllt ass, sech un d'Gesetz ze halen?

Do kommen nämlech déi nächst Punkten, déi ech virdrun erwäänt hat. Wéi ass dat mat der prévention des infractions? Dat ka bedeiten, datt een d'Leit opkläert iwwer dat, wat si net maachen däerfen. Dat kann awer vill méi wäit goen, andeems een d'Leit zum Beispill erzitt, sech als gutt Bierger ze behuelen. Verbriechensvermeidung ka vill Formen hunn, déi eng méi passiv, déi aner méi aktiv.

Idem d'Fro vun der Protection des personnes et des biens.

Dat ass zum Beispill eng Fro, bei där d'Geeschter sech gäre scheeden. U sech klengt dat jo einfach: Wann eng Persoun randaléiert oder Saache vandaléiert, da muss si neutraliséiert ginn. Gutt, elo ass d'Fro, wéi neutraliséiert een esou eng Persoun. Schwätzt ee mat hir, iwwerwältegt ee si physesch, "tasert" ee si, oder schéisst een drop? Dat hänkt natierlech vum Kontext of.

Fir de Staat, oder fir de Bierger?

Mee wat maache mer, wann e puer Dausend Persoune randaléieren? Dir erënnert Iech vläicht un d'G20-Treffen zu Hamburg am Joer 2017. Deemools hate jo spektakulär Biller d'Ronn gemaach, an et huet ausgesinn, wéi wann Hamburg zum Schluechtfeld gi wier. Oder d'G8-Treffen zu Genua am Joer 2001. Do ass et jo och relativ héich hiergaangen.

Oder wat ass mat den Gilets jaunes? Et ass jo eng Saach, wann een eng Manifestatioun iwwerwaachen soll. Mee wat ass, wann dann op emol massiv vandaléiert gëtt? Well op där enger Säit huet ee jo d'Protection des biens stoen, an op där anerer d'Protection des personnes. De Problem ass jo, datt d'Aktiounen um Terrain och gären emol politesch oder sozial Langzäitkonsequenzen hunn. Loossen ech elo den Arc de Triomphe vandaléiert ginn oder e puer Autoe brennen, an der Hoffnung, de Schued ze begrenzen? Oder klären ech de Problem mat Gewalt a loossen op d'Leit schéissen, mat méi oder manner lethale Methoden? Gewalt huet nämlech eng domm Tendenz, Géigegewalt erbäizeruffen. A wann een als Staat op Gewalt net mat Géigegewalt äntwert, da riskéiert een jo och als schwaach do ze stoen. A wie fäert schonn en Tiger ouni Zänn? Op där anerer Säit, wann een mat ze vill Gewalt géint seng Bierger virgeet, dat ass natierlech och nëmme ganz begrenzt vertrietbar. Dat ass och ee vun den Grënn, firwat modern Staaten eng Police entwéckelt hunn, fir esou Problemer net duerch d'Arméi besäitegen ze missen.

An den leschte Woche gouf et jo vill Protester géint Rassismus a géint d'Gewalttätegkeet vun der Police. An an den USA huet d'Police op déi Protester géint Police-Gewalt heiansdo och emol mat Gewalt geäntwert. Op anere Plazen hunn awer och Polizisten hir Solidaritéit mat den Manifestanten ausgedréckt.

Et ass leider wéi bei ville mënschlechen Institutiounen, et gëtt ëmmer Eenzeler, déi deem Ganzen e schlechten Numm ginn. Oder ass et eng systemesch Fro?

Vläicht hutt Dir jo och schonn den Acronym ACAB gesinn. All Cops Are Bastards. Hanner deem Sproch fënnt een d'Iddi, datt d'Poliziste Klasse-Verréider wären. D'Police wär am 19. Joerhonnert ageféiert ginn als Instrument vun de Räiche fir sech virun den Aarmen ze schützen. Et gouf jo vill sozial Konflikter deemools, an d'Police huet och do fir "Fridden an Uerdnung" gesuergt. Wann Dir fir eng méi gerecht Verdeelung vun de Ressourcen oder fir Biergerrechter oder fir soss Saache protestéiert, déi eis haut als selbstverständlech erschéngen, mee déi et virun 150-200 Joer net waren, an da fir Äre sozialen Engagement zesummegeknëppelt gitt, da kann dat scho fir Skepsis suergen. An dee Reproche kritt d'Police haut jo och nach gemaach. Op där enger Säit de Gilet jaune, dee sech net ausbeute wëllt loossen, op där anerer Säit d'Regierung, an dotëscht eben de Polizist. Op där enger Säit de President vun engem Land mat senge G8 oder G20-Kolleegen, op där anerer Säit den Altermondialist, an iergendwou dotëschent de Polizist ... an och de Randaléierer.

An do si mer jo erëm bei den Ausgangsschwieregkeeten. Op där enger Säit huet een e System, de Staat. An de Staat huet verschidden Instrumenter, wéi zum Beispill d'Police, fir fir Fridden ze suergen. A wann een de Staat verännere oder d'Gesellschaft reforméieren wëllt, trëfft een natierlech op Widderstand. Do si mer dann erëm bei der moralescher Fro vu virdrun. Wou ass d'Grenz?

Oder, fir et anescht ze formuléieren: Wéi vill Gewalt soll, muss oder däerf d'Staatsgewalt vis-à-vis vun hiren eegene Bierger ausüben?