Et wier d'Leit "hanner d'Liicht geféiert", wann een hinnen eng Impfung an Aussiicht stellt, éier den néidege Vaccin dofir disponibel ass.
Am Moment wier et dofir och nach ze fréi fir driwwer ze schwätze wéi eng Beruffsgruppen eventuell virun anere solle geimpft ginn, seet d'Presidentin vun der Eethikkommissioun.
"Et ass einfach momentan nach guer net méiglech esou wäit ze denken. Mir sinn an der Phas 2, an déi kann eréischt am Mäerz ëmgesat ginn. Dat heescht: Et ass net, datt déi Diskussioun do net misst gefouert ginn. Se gëtt jo och am Ausland gefouert. An do muss een herno no den eethesche Krittäre kucken. Mir sinn eng bio-ethesch Commission consultative, a mir huele bio-ethesch Krittären, an dat ass momentan Liewen an Iwwerliewen."
Hir Kommissioun beréit d'Regierung beim Ausschaffe vun engem Impfplang. Am hirem Avis vun en Dënschden huet et geheescht, datt verschidde Beruffsgruppen - d'Arméi, d'Police, d'Giichtecher am Prisong oder d'Enseignanten zwar am Beruff méi Kontakt mat Leit hätten, wéi anerer.
Mee et dierft een net vergiessen, wat de But vun der Impfcampagne wier: nämlech d'Stierflechkeet an d'Morbiditéit ze reduzéieren an de Fonctionement vum Gesondheetssystem ze erhalen.