Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eethik an der Pandemie

Covid-Gesetzer

Eethik an der Pandemie

Et kéint ee sech zwar à la lettre u Gesetzer halen, an awer eethesch net korrekt do stoen, seet den Erny Gillen.

auto_stories

2 min

Als Beispill nennt den Eethiker d'Covid-Gesetzer: et kéint een zwar ëmmer just eng Persoun bei sech doheem alueden, mee wann een dat puermol den Dag mécht, misst ee sech froen, ob dat wierklech am Sënn vum Gesetz wier. "Leeën ech d'Gesetz am Sënn vum Gesetz aus, oder leeën ech d'Gesetz a mengem Interêt aus? Dat si jo zwee verschidde Standpunkten."

Eng Impfung fir Rechter erëm ze kréien

Zu Lëtzebuerg gëtt et keng Impfflicht - et ass jiddwerengem iwwerlooss, ob e sech géint Covid-19 impfe loosse wëllt. Gläichzäiteg gëtt awer doriwwer diskutéiert, ob Leit, déi geimpft goufen, verschidde Rechter erëmkréie kënnen. Fir den Erny Gillen stelle sech eng Partie Froen:

"Wéini gëtt een de Leit dann déi dote Rechter? An üübt een domat indirekt Drock aus a mécht een domat d'Impfung faktesch awer zu engem Obligatorium, wann ech wëll reese beispillsweis.? Dat sinn dann Taktiken: Wat thematiséieren ech wéi? Well dat eent vläicht besser bei de Leit rutscht wéi dat anert. A vläicht loossen d'Leit sech herno éischter impfe well se wëllen op Mallorca fueren, wéi fir den Noper oder d'Groussfamill ze schützen. Dat seet erëm eppes iwwer d'Qualitéit vun der Moral. Well d'Intentioun, mat där ech eppes maachen, déi spillt fir d'Qualitéit vun der moralescher Handlung eng enorm Roll."

D'Impfung unhuelen, wann een net un der Rei ass

Wéi soll ech reagéieren, wann ech eng Covid-Impfung ugebuede kréien, obschonn ech net un der Rei an net vulnerabel sinn? Wat ass déi moralesch an ethesch richteg Reaktioun, wann d'Alternativ ass, datt de Vaccin an d'Poubelle flitt, wann ech en net huelen?

Den Erny Gillen mengt, datt als éischt gekuckt soll ginn, ob en aneren a Fro géif kommen, deen eng Impfung méi néideg hätt:

"Da géif ech soen: Géi vläicht an d'Groussgaass kucken, ob do net e Flüchtling ass oder en Obdachlosen, deen et méi néideg huet. Wann dann awer, en dernier ressort, d'Fro sech géif stellen: Geheien ech deem Impfstoff elo an d'Dreckskëscht oder du kriss en? Da géif ech eventuell soen: Jo. An deem Fall ass et jo schued fir den Impfstoff do an d'Dreckskëscht ze geheien. - E rare wäertvolle Produit an d'Poubelle ze geheien, dat ass och net ethesch propper. [...] Et gëtt net einfach jo oder nee, mee et muss een d'Situatioune mat consideréieren."