Radioen

On air

Notturno  |  John Francis Flynn - Mole In The Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Defizit vun 2,8 Milliarden Euro beim Zentralstaat

Staatsbudget 2023

Een Defizit vun 2,8 Milliarden Euro beim Zentralstaat

D'Finanzministesch Yuriko Backes huet hiren éischte Budgetsprojet virgestallt, ee "Krisebudget", wéi si e genannt huet. Deemno wäert den Zentralstaat d'nächst Joer ëm 2,8 Milliarden Euro am Defizit sinn. D'Staatsschold wäert de Projektiounen no an den nächsten véier Joer vun haut 24,6 op 29,5 Prozent vum PIB klammen. Vill Marge hätt d'Regierung also net, sou d'Finanzministesch. Eng Rei Upassunge goufen awer annoncéiert.

auto_stories

2 min

D'Finanzinistesch Yuriko Backes bei der Presentatioun vum Staatsbudget fir d'Joer 2023. Foto: Chambre des Députés

Lauschterenplay_arrow


Et si virop Erliichterunge fir déi Leit, déi et am aktuelle Kontext am dréngendste brauchen, sou d'Yuriko Backes. Ugefaangen bei de Monoparentallen: hei gëtt mat der Reform vum Steierkredit ee Verspriechen ageléist.

De maximale Montant vun där Mesure geet vun haut 1.500 Euro op 2.505 Euro erop an och de Plaffong geet erop.

Eligibel sinn an Zukunft Elengerzéiender, déi bis zu 60.000 Euro d'Joer verdéngen an net nëmme just 35.000.

"Dat hei ass also eng ganz konkret, cibléiert a substantiell Hëllef fir elengerzéiend Elteren an hir Kanner."

Sozial Prestatiounen, Subsiden an Transferten: 47 Prozent vum Budget

Ënner de Budget 23 falen och all déi Mesuren, déi bei der leschter Tripartite decidéiert goufen, de sougenannte Solidaritéitspak 2.0 mat ënner anerem dem Gaspräisdeckel schléit am Projet mat 1,162 Milliarden Euro zu Buch.

Dorënner fält de Steierkredit fir Mindestlounbezéier, dee wéinst der Upassung vum Salaire social minimum eropgeet.

Am grousse Ganze maache sozial Prestatiounen, Subsiden an Transferte 47 Prozent vum Budgetsprojet aus.

"Dat ënnersträicht kloer, ganz kloer, déi sozial a solidaresch Ausriichtung vun dësem Budget."

Deen Taux huet sech par rapport zu anere Jore kaum verännert. Geplangt si fir 2023 nach eng Rei TVA-Reduktiounen, déi och schonn ugekënnegt waren an elo vum nächste Joer u solle gëllen.

4,8 Milliarden Euro Investissement

Virgesinn ass eng Baisse vu 17 op 3 Prozent fir d'Installatioun vu Solarpanele gëtt d'TVA, d'TVA op Reparaturservicer vun Haushaltsgeräter geet vu 17 Prozent op 8 Prozent erof a fir d'Leit nach méi ze incitéiere fir de Vëlo ze huelen, gëtt d'TVA op Vëloen an op E-Bikes op 8 Prozent erofgesat.

4,8 Milliarden Euro wëll de Staat d'nächst Joer Investéieren, dat si 600 Milliounen Euro méi wéi dëst Joer.

"Dat si méi an nei Infrastrukturen, dat si Stroossen, dat si Schinnen, dat si Gebaier, dat sinn och Schoulen, déi dringend gebraucht si fir eis Land weider ze moderniséieren."

Eng gutt Noriicht gëtt et da fir all Stéit an Entreprisen, déi hir Steiererklärung net bis Enn Mäerz gemaach kréien.

D'Deklaratioun fir dat lafend Joer an déi dono kann, sou d'Annonce haut, bis den 31. Dezember vum Joer drop eragereecht ginn.