Radioen

On air

Notturno  |  Dan Deacon - Sat By A Tree

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee weltwäite Präis fir klimaschiedlech Emissiounen?

Weltklimakonferenz

Ee weltwäite Präis fir klimaschiedlech Emissiounen?

Wa klimaschiedlech Emissiounen ee Käschtepunkt hätten, hätte klimafrëndlech Technologien ee Wettberwerbsvirdeel. Iwwer déi Thematik gouf dës Woch um Klima-Sommet vill diskutéiert. D'Weltbank an den Internationale Währungsfong hunn zesumme mat enger Rei grousse Länner een Opruff lancéiert, fir den CO2-Emissioune méiglechst iwwerall op der Welt ee Präis ze ginn. Pia Oppel / ckl

auto_stories

4 min

E weltwäiten CO2-Präis: "D'Verhale vun de wirtschaftlechen Acteuren no a no veränneren"

D'Staats- a Regierungschefe vu Frankräich, Däitschland, Chile, Mexiko, Kanada an Äthiopien hunn sech zesumme mat der Weltbank, dem Internationale Währungsfong an der OECD fir ee CO2-Präis ausgeschwat dee soll zum Klimaschutz bäidroen. Et géif dobäi net drëms goen, all Land dozou ze bréngen, de Präis op eng an déiselwecht Manéier ze fixéieren, seet an deem Kontext de franséische President François Hollande. "Wat mir wëllen, sinn Instrumenter déi dank engem CO2-Präis d'Verhale vun de wirtschaftlechen Acteuren no a no veränneren".

An der EU gëtt et schonn een Emissiounshandelsystem. Bis elo waren ze vill Verschmotzungsrechter disponibel, sou dass d'Signal vun engem héije CO2-Präis net opkomm ass. Wann et an anere Regioune vun der Welt näischt esou gëtt, ass et schwéier esou ee System un d'Lafen ze kréien – dat seet d'Bundeskanzlerin Angela Merkel. Europa géif de Moment nach éischter alleng do stoe mat sengem Emissiounshandelssystem, an dat wier problematesch. "Well dee System an den USA  just op eenzelne Plaze gëllt a China nach guer kee vollstännege System fir Zertifikater huet, ass d'Gefor grouss datt een dofir muss suergen, d'Verlagerung vun Entreprisen ze vermeiden", sou d'Angela Merkel op der COP21.

Eng Utopie?

Datt et enges Daags zu engem weltwäite Mechanismus kënnt ass eng Utopie, där Meenung ass den Alain Grandjean vun der Fondation Nicolas Hulot, déi de franséische President a Klimafroe beréit. Et géifen haut 40 Länner ginn, déi en Emissiounshandelssystem hunn – entweder eng Tax oder e Quotesystem. Tëscht 10 a 15% vun den Zäregasemissioune sinn iwwer vun esou Systemer gedeckt. Den Alain Grandjean ass der Meenung datt een hei sou misst virgoen, wéi d'OECD et am Beräich vun der Steierharmoniséierung mécht: duerch Koalitiounen tëscht eenzelne Länner, déi zesumme mam gudde Beispill virginn.

Op Basis vun deem, wat an deem neie Klimaaccord soll un Ziler festgehale ginn, wier et schwéier, ee regiouneniwwergräifende Präismechanismus anzeféieren, seet d'Eva Filzmoser, Direktesch vun der ONG Carbon Market Watch. Den Ënnerscheed zu deem wat am Kyotoprotokoll steet wier immens grouss: "Mir hate bis elo e sougenannte CO2-Budget, dat heescht mir wësse genau wéi vill all Land zur Verfügung huet an doru gëtt den CO2-Handel gemooss. Do ginn et natierlech och Problemer, mee wéinstens ass et transparent".

Net dobäi beim Appel dës Woch um Klimasommet fir op méiglechst ville Plazen ee CO2-Präis ze etabléieren, waren ënner anerem zwee wichteg Acteuren, nämlech d'USA a China. 

Lauschtert de Bäitrag vum Pia Oppel:

D'Fedil fir e weltwäite CO2-Präis

Zu Lëtzebuerg fuerdert d'Business Federation Fedil, datt e weltwäite CO2-Präis agefouert gëtt. Och a Saache Klimaziler misst eben e "level playing field" spillen, seet de René Winkin, designéierten Direkter vun der Fedil: "Et dierf net sou sinn datt eppes just an Europa eppes kascht, an anzwousch anescht net". Wann Europa an deem Beräich en Alleingang géif maachen, da géif den Drock op déi europäesch Wirtschaft klammen an da géifen et just zwou Méiglechkeete ginn: entweder d'Entreprisë gi besser an also méi propper, oder d'Produktioune verlageren sech a Länner wou den Drock manner staark ass. "D'Verlagere vun enger Produktioun fir Emissiounen ze drécken dierf keng Optioun sinn", sou de René Winkin.

De René Winkin um Mikro vum Christiane Kleer:

Den designéierten Direkter vun der Fedil kënnt och op d'Fuerderung zréck, den Emissiounshandel sou ze reforméieren, datt en un déi réel Produktioun vun den Entreprisë gekoppelt ass. De René Winkin ass dovun iwwerzeegt, datt d'Entreprisë wäerte bereet sinn, a méi propper Technologien ze investéiere fir hir Emissiounen ze senken.