Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Stan Vreeken - Martha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ee Stresstest fir d'Demokratie an de Rechtsstaat"

Corona-Kris

"Ee Stresstest fir d'Demokratie an de Rechtsstaat"

Den État de crise, esou wéi en 2017 an d'Constitutioun ageschriwwe gouf, huet sech bewäert, seet den Alex Bodry. Als Deputéierte war hien de Rapporter vun där Verfassungsrevisioun.

auto_stories

3 min

Den Alex Bodry ass Member am Staatsrot, war fir d'LSAP laang an der Chamber, ass Jurist a Verfassungsexpert

Den Alex Bodry huet awer och däitlech gemaach, datt et sech derbäi trotzdeem ëm en déiwen Agrëff an d'Fräiheete vum Eenzele gehandelt huet:

"Et muss ee sech kloer virun Aen halen, datt et sech hei ëm dee gréissten Aschnëtt an déi perséinlech Fräiheeten handelt zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich. Dat hei ass e Stresstest fir eis Demokratie a fir de Rechtsstaat."

Et misst ee sech och bewosst sinn, datt Lëtzebuerg bei den Aschränkunge vun de Grondrechter a Grondfräiheete méi wäit geet, wéi aner Länner dat maachen. Den Alex Bodry nennt als Beispiller d'Beweegungsfräiheet, d'Versammlungsfräiheet, d'Liberté de commerce et de l'industrie. Dës Aschränkunge wieren duerch d'Staatszil vun der Santé public gerechtfertegt gewiescht.

"Dat mécht mir e bëssen Angscht"

Den Alex Bodry gëtt zou, datt d'Aschränkungen aus de leschte Méint am Kader vun der Corona-Kris hie perséinlech net grouss gestéiert hunn. Hien huet awer Bedenken:

"Dat mécht mir awer trotzdeem Suergen, well ech awer d'Gefor gesinn, datt ech mech lues a lues un esou Iwwerwaachungen an Aschränkungen, soulaang se net schrecklech belaaschten, winnen. Datt et op eemol als Normalitéit betruecht gëtt, obwuel et ni Normalitéit dierf sinn."

Hie mécht sech Gedanken, datt wann et zu anere Situatioune kënnt, aner Aschränkunge vläicht och acceptéiert ginn. Als Beispill nennt hie Sécherheetsfroen, déi dozou féiere kéinten, datt "iwwerall am ëffentleche Raum Kamerae sinn, datt eng Gesiichtserkennung zu all Moment gëtt".

Dem Alex Bodry mécht dat "e bëssen Angscht", hie schwätzt vun Horrorvisiounen, déi d'Zukunftsromaner viru Joerzéngte schonn ausgemoolt hätten, an et wier de Risiko do, datt ee lues mee sécher do géif era schlidderen. Dofir wier et wichteg, esou séier wéi méiglech aus der Ausnamesituatioun an eng normal Situatioun zeréckzekommen.

Déi legislativ Aarbecht soll uerdentlech gemaach ginn

D'Pläng vun der Regierung fir aus Recommandatiounen Obligatiounen ze maachen, wat Rassemblementer am Privatberäich ubelaangt, wäerten e bëssen Zäit brauche bis se Realitéit sinn, seet den Alex Bodry. "Dat ass de Präis, deen ze bezuelen ass, well mer nees iwwer de legislative Wee fueren." Am État de crise hätten déi nei Restriktioune scho kënnen dëse Weekend a Kraaft sinn, per Gesetz brauch dat e Strapp méi laang.

De fréieren Deputéierten an aktuelle Member vum Staatsrot warnt awer virun iwwerdriwwener Hetz: och a Stresszäite sollt een uerdentlech Gesetzer maachen, seet hien. Och wann déi Gesetzer just fir e puer Méint a Kraaft wieren, hätte se net nëmmen en temporäre Charakter. "Domat ass och e Prezedenzfall geschaaft, vläicht och als Modell fir aner Texter."

De Member vum Staatsrot ënnersträicht d'Wichtegkeet vun der legislativer Aarbecht, déi d'Regierung, d'Parlament, all d'Institutiounen an all déi Organer, déi ëm Avise gefrot ginn. "Déi Aarbecht soll uerdentlech gemaach ginn", esou de fréieren LSAP-Deputéierten, an dat bräicht Zäit.

Infektiounszuele klammen nees

Déi méi héich Infektiounszuelen aus de leschten Deeg wieren eng "nei Donnée", déi ouni Zweiwel kritesch misst bewäert ginn, seet den Alex Bodry, ouni sech awer méi wäit ze avancéieren.

Als Reaktioun op déi nei Zuele plangt d'Regierung e Gesetz, dat gewëss Reegele festschreift, déi bei Rassemblementer am private Beräich ze respektéiere sinn - an zwar obligatoresch, an net méi just als Recommandatioun. Genee dat stoung och schonn an hirem Projet vum Covid-Gesetz: de Staatsrot hat déi Dispositioun awer, mat Verweis op déi individuell perséinlech Fräiheeten, gekippt.