Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Schouljoer ënner Corona-Bedéngungen

Schoulrentrée

Ee Schouljoer ënner Corona-Bedéngungen

De 15. September ass Rentrée. De Claude Meisch wëllt net ausschléissen, datt dat ganzt Joer ënner Covid-Bedéngunge wäert stattfannen. Et géif deemno drëms goen, dat ganzt Schouljoer ze assuréieren.

auto_stories

5 min

De Claude Meisch huet Detailler fir d'Schoulrentrée presentéiert. Foto: SIP / Emmanuel Claude (Archiv)

Et wéilt een déi gréisst méiglech Normalitéit an der Schoul hunn, awer gläichzäiteg de sanitäre Mesurë Rechnung droen, seet den Educatiounsminister. D'Erfarungen aus dem leschte Schouljoer géifen dobäi hëllefen.

Mat geziilte Mesurë reagéieren

An engem Stufe-Modell wëllt de Claude Meisch geziilte Mesuren huelen, fir eng beschtméiglech Bildung ze erméiglechen, a gläichzäiteg esou virsiichteg wéi méiglech sinn.

Virdru wieren d'Reegele fir all d'Schoulen a Klassen identesch gewiescht, mee elo wéilt ee mat adaptéierte Mesurë méi flexibel sinn. Deemno kënne méi restriktiv sanitär Mesurë geholl ginn. D'Reegele fir d'Schoule kënnen also ënnerschiddlech sinn.

Maskeflicht an de Schoulen

Verschidde Reegele sinn awer an alle Schoulen d'selwecht: d'Schüler mussen am Gebai ee Mask undoen, bis se op hirem Stull sëtzen, do kënne se de Mask ausdoen.

Vulnerabel Schüler misste gutt geschützt ginn, sief et ënner spezielle Konditiounen an d'Schoul kommen, oder vun doheem aus enseignéiert ginn. Och an de Pause géifen déi sanitär Reegelen nach gëllen.

Eng nei Test-Strategie fir den Enseignement

All Schüler, all Enseignement an all Professionelle soll sech teste loosse kënnen, ier datt d'Schoul lassgeet. Dës Test-Strategie soll net nëmmen d'Schoule betreffen, mee generell méi Famillje mat Kanner. Den Testing soll méi cibléiert ginn.

A Schoulen, wou méi positiv Fäll sinn, sollen och méi Tester gemaach ginn. Et wieren och Iwwerleeunge gi fir mat enger mobiller Test-Statioun bei d'Schoulen ze fueren, fir den Opwand sou geréng wéi méiglech ze halen.

Eng komplett Offer

Am neie Schouljoer géif all Schoulfach an engem normale Stonneplang ugebuede ginn, anescht wéi dat zum Schluss vum Joer de Fall war. De Claude Meisch nennt als Beispiller de Sport- oder Bastelcours. Den enke Kontakt wier awer nach ëmmer net méiglech.

De Sportscours soll normal assuréiert ginn: beim Eran- an Erausgoe muss ee Mask ugedoe ginn. Eréischt am Sportssall kéint een de Mask ausdoen. Och Ausflich sollen ënner den Oplage méiglech sinn.

Schoulkantinnen: déi selwecht Reegele wéi am Restaurant

Och d'Schoulkantinne sollen normal funktionéieren. Hei géifen déi selwecht sanitär Reegele gëlle wéi an de Restauranten. Maximal zéng Leit dierfen op engem Dësch sëtzen, et muss een de Mask undoen, bis ee sëtzt. D'Kantinne wäerten ënner Surveillance sinn.

Schüler am Lycée, déi net an eng Kantin goe wëllen, well se ze voll ass, solle weider vun enger Frupstut profitéiere kënnen.

Zwou speziell Mesuren

D'Schoule kënne selwer op zwou Mesuren zeréckgräifen, déi méi wäit gi wéi dat, wat vum Ministère imposéiert gëtt:

  1. Schoule kënnen drop insistéieren, datt d'Schüler och am Klassesall hire Mask undoen. A Prüfungssituatioune soll awer jiddwereen de Mask kënnen ausdoen.
  2. Vun der 4e u kënnen d'Schoulen d'Schüler zum Deel vun doheem enseignéieren. Een Deel vun der Klass géif doheem bleiwen a kéint dem Cours iwwer ee Stream nokucken. Et ass de Schoulen iwwerlooss, ob et heifir fest Gruppe gëtt oder ob et eng Rotatioun gëtt. De Ministère wëllt de concernéierte Schoulen och materiell ënner d'Äerm gräifen.

Maison relaisen. dat selwecht Konzept

An de Maison relaise soll d'Konzept, dat am Summer en place war, soll bäibehale ginn. Gruppe vu bis zu 30 Kanner solle méiglech sinn. Hei muss kee Mask ugedoe ginn. Eréischt wann et zu Kontakt mat aneren Erwuessene kënnt, misst een ee Mask undoen.

"Lëften, lëften, lëften"

D'Säll solle reegelméisseg gelëft ginn. Wëssenschaftlech Etüden hätten erginn, datt dat géint d'Propagatioun vum Virus hëlleft. "Lëften, lëften, lëften", seet de Claude Meisch.

D'Schoulgebaier solle weiderhi reegelméisseg gebotzt an desinfizéiert ginn. Et solle kloer Indikatioune ginn, wéi ee sech am Gebai beweegen dierf.

Verschidden Zenarien

Déi proposéiert Mesurë wieren net a Stee gemeesselt, seet de Claude Meisch, et kéint sinn, datt déi nach adaptéiert musse ginn. Et wier een op verschidde Situatioune virbereet, sollt et zu Infektioune kommen:

  1. En isoléierte Covid19-Fall: ee Schüler an der Klass gëtt positiv getest, mee a sengem schouleschen Ëmfeld gëtt et kee positive Feld. D'Schoulklass misst dann net a Quarantän doheem, mee dierft an der Schoul net méi an d'Paus, bis datt en negativ getest gëtt.
  2. E puer positiv Tester an enger Klass oder an engem noen Ëmfeld. An dësem Fall missten d'Schüler an d'Personal an d'Quarantän, bis en negativen Test virläit.
  3. De Fall vun Infektiounsketten an der Schoul: d'Cellule misst dann déi Situatioun analyséieren an zousätzlech Mesuren decidéieren. Méiglech wieren an dësem Fall och méi Tester.

Eng permanent Cellule

Fir e permanenten Austausch ze erméigleche soll eng Cellule op d'Bee gestallt gi mat medezineschen a pedagogeschen Experten. Op engem deeglechen Niveau soll sech hei ofgeschwat ginn, fir d'Mesuren ze adaptéieren, sollt dat néideg sinn.

De Claude Meisch wëllt och eng reegelméisseg Kommunikatioun iwwer d'Situatioun vun de Schoulen assuréieren. "Mir hätte gär, datt jiddweree Vertrauen an d'Schoul huet." Dat Vertraue kéint ee just duerch eng gréisstméiglech Transparenz kréien.

Mat Symptomer doheem bleiwen

Kanner mat Krankheetssymptomer sollen doheem bleiwen. Dat wier scho virun der Pandemie gefall a wier elo nach méi wichteg. Dësen Opruff géif sech un d'Eltere riichten, preziséiert de Claude Meisch.