Radioen

On air

Notturno  |  Pino Palladino, Blake Mills - Djurkel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Moment mol, léiwe Patron ...

Transparenzregëster

Ee Moment mol, léiwe Patron ...

D'Vertrieder vun de Patronsverbänn si géint d'Transparenzregëster, un deem d'Chamber den Ament schafft - an an deem an Zukunft misst agedroen ginn, wann d'Deputéiert Interessevertrieder treffen. Si behaapten, dat kéint zu Feelinterpretatioune féieren, wat hir Influenz ugeet, a si géifen domat ënner de Generalverdacht vun der Korruptioun gestallt. Dat sinn Argumenter, déi d'Strooss net richteg halen, mengt d'Michèle Sinner a senger Chronik.

auto_stories

4 min

D'Vertrieder vun de Patronsverbänn si géint d'Transparenzregëster, un deem d'Chamber den Ament schafft - an an deem an Zukunft misst agedroen ginn, wann d'Deputéiert Interessevertrieder treffen. Si behaapten, dat kéint zu Feelinterpretatioune féieren, wat hir Influenz ugeet, a si géifen domat ënner de Generalverdacht vun der Korruptioun gestallt. Dat sinn Argumenter, déi d'Strooss net richteg halen, mengt d'Michèle Sinner a senger Chronik.

De Romain Schmit wier net de Romain Schmit, wann et net heiansdo mat em géing duerch goen. Sou huet de Generalsekretär vun der Fédération des Artisans e Mëttwoch de Moien hei op der Antenn gemengt, wann am Transparenzregëster herno stéing, datt eng Partei oder en Deputéierten bei engem techneschen Dossier - zum Beispill an Ëmweltfroen - fënnef Mol Patronsverbänn gesinn hätt, fir Informatiounen ze kréien, mee just emol de Mouvement écologique, - jo - dann wier jo kloer, datt et herno géif heeschen, datt dat, wat eraus kéim "vun den houre Patronen influencéiert" wier. An dobäi wier dat eng Feelinterpretatioun. Iwwerhaapt, dat Transparenzregëster, dat kéim jo, well de Groupe d'action contre la Corruption, kuerz Greco, dat géif fuerderen. Net just d'Patronen, mee och d'Gewerkschaften an ONGen, déi ënnert d'Transparenzregester falen, wieren domat ënnert dem Generalverdacht vun der Korruptioun.

Strohmannargument säitens de Patronen

Do muss ee soen: Ee Moment mol, léiwe Patron, well ganz esou ass et jo net.

Éischtens, huet nach keen de Patronen - ausser si selwer- hei Korruptioun virgeworf. Ass dat ieren hiert schlecht Gewëssen, dat schwätzt, kann ee sech do froen. Oder maache se deen iwwerdriwwen Virworf express, fir en ëmsou méi einfach kënnen z'entkräften an domat d'Transparenzregëster an d'Lächerlecht ze zéien? Ëmgedréit kann ee genee sou gutt soen: Wann der iech keng Korruptioun virzewerfen hutt, braucht der jo näischt ze fäerten.

Zweetens ass de Greco jo net iergendee Keeleclub, mee gehéiert zum Conseil de l'Europe an huet a senge Rapporten iwwer Lëtzebuerg scho munch utile Reform gefuerdert. Tatsächlech och, wat d'Gesetzer iwwer d'Korruptioun ugeet, déi 2011 geännert goufen. Dovu goung notamment 2017 am Prozess ëm gefälschten Handelsermächtegungen fir Betriber riets, wou et och ëm d'Korruptioun vu Mataarbechter vum Mëttelstandsministère goung - duerch Patronen. Dat war mat déi déckste Korruptiounsaffär am Land an de vergaangene Joren, an a Patronskreesser nu wierklech kee Secret.

Patronsvertrieder hunn e besseren Zougang zu Decideuren

Mee beim Transparenzregëster geet et jo vill méi em d'Prise d'influence op Decideuren. A wann am Transparenzregëster herno steet, datt déi an enger Ëmweltfro fënnef Mol d'Patrone gesinn hunn a just emol d'Ëmwelt-ONG, ben, da féiert dat warscheinlech zur ganz richteger Konklusioun, datt déi eng vill méi Geleeënheet kruten, hire Standpunkt z'erklären, wéi déi aner. Datt d'Patronen méi "technesch" Informatiounen géife liwweren, ass och just esou hallef credibel. Well oft genuch sinn "technesch Aspekter" de Pakpabéier, fir déi materiell a finanziell Interêten dran anzewéckelen.

Drëttens ass et jo och net nei, datt d'Patronsvertrieder vill besseren Zougang zu den Decideuren hunn, wéi ONGen a Gewerkschaften. Et gouf eng Zäit hei am Land - et ass nach guer net esou laang hir - do gouf déi Prise d'Influence vun de Patronen op Regierungsmembere mat groussem Houfert per Communiqué ugekënnegt an ouni mat der Wimper ze zucken, institutionaliséiert. "Haut Comité" huet dat dann geheescht.

Warscheinleche wéineg opreegend Révélatiounen duerch en Transparenzregëster

Fir d'éischt gouf et dee fir d'Finanzplaz, mee du waren déi aner Patronen op d'Bankiere jalous. Si wollten och am Salon vun hirem Minister sëtzen, fir deem hir Suergen ze zielen. Dofir gouf dunn och den Haut Comité vun der Industrie an dunn dee fir PMEen - mam Handwierk - gegrënnt. An deenen Haut Comitéen waren Gewerkschaften explizitt ausgeschloss. Dat war hire But, hir raison d'être: Datt d'Patronen ausserhalb vun den Strukture vum berüümte Lëtzebuerger Sozialdialog kéinten Afloss op d'Regierung huelen - ouni d'Gewerkschaften. Datt eng ONG wéilt dierfe matschwätzen, dorun huet iwwerhaapt nach kee geduecht, vläicht souguer d'ONGe selwer net.

Dofir si vun deem Transparenzregëster warscheinlech och wéineg opreegend Révélatiounen z'erwaarden; éischter d'Confirmatioun vun de bestoende Muechtverhältnisser. Et kann ee sech och froen, wat et bréngt, an engem Parlament an deem ëmmer méi Deputéiert aus liberale Beruffer sëtzen, déi selwer Decideuren aus der Wirtschaft, respektiv, deenen hiren Interessen no sinn, oder wann se souwisou Owes zesummen op de Patt ginn. Op där anerer Säit: Sou wéineg Gräifbares wéi déi Haut Comitéen ervirbruecht hunn, muss ee sech och vläicht net ze vill Suergen maachen, datt iergendeng Lobby géint déi inherent Inertie vum System ukéim.