Wéi d'Regierung am Hierscht zejoert de Klimabilan virgeluecht huet, war dat globaalt Resultat positiv: Lëtzebuerg hätt 2021 manner CO2 ausgestouss wéi virgesinn.
Mee: den Däiwel stécht bekanntlech am Detail, an sou war et och hei. D'Ëmweltministesch Joëlle Welfring gëtt ze bedenken, datt grad bei klengen a mëttelgrousse Betriber de Klimabilan gewisen huet, datt déi sektoriell Ziler vun 2021 net erreecht goufen. "Mir mussen eben do konkret Efforte maachen".
De Wirtschaftsminister Franz Fayot betount, datt de Klimaschutz eng "Necessitéit" gi wier fir d'Betriber, an net méi just "en nice-to-have" wier: aus wirtschaftleche Grënn, bei deem, wat d'Energie haut kascht.
Eng Etikett fir bestoend Initiativen
Dofir huet d'Regierung also de Programm "Klimapakt fir Betriber" lancéiert. Véier Ministèren, zesumme mat LuxInnovatioun an der Klima-Agence.
Dee Klimpakt ass, wéi den Energieminister Claude Turmes erkläert, am Fong eng Etikett fir all déi verschidden Initiativen, déi et an deem Kontext scho gëtt oder nach wäert ginn:
"Mir bündelen heimat all eis Instanzen, all eis Berodung, déi mer hunn an all eis finanziell Hëllefen, déi mer op verschiddene Plazen hunn."
Geld, Knowhow a Berodung
Et geet also ëm Geld an Knowhow wéi zum Beispill bei de sougenannten SME-Packages, bei deene PMEen e Scheck vu 5.000 Euro kënne kréien, fir sech vun engem Energieberoder hëllefe loossen ze kënnen.
De Mëttelstandsminister Lex Delles erkläert, datt duerch dësen zilgesteierte Berodungsservice d'Entreprisen Zäit gewannen a méi Flexibilitéit kréie fir zesumme mat engem Expert hir Prozesser ze optimiséieren, oder "een innovatiivt Zukunftskonzept" fir hire Betrib ze entwéckelen.
Mam Klimapakt géif e grousse Schrëtt gemaach ginn - a punkto Klimaschutz, mee och a Saache Kompetitivitéit. Ob déi Rechnung opgeet, mussen dann Klimabilanze weisen.