Radioen

On air

Notturno  |  The Cookie Jar Complot - Tides

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mëssbrauchrisiko bei mannerjärege Flüchtlingen

ECPAT-Direkter Thomas Kauffmann am Interview

Mëssbrauchrisiko bei mannerjärege Flüchtlingen

Virun allem Mineuren déi net begleed sinn, sinn engem méi grousse Risiko vu sexueller Exploitatioun ausgesat, esou d'Associatioun géint de Mëssbrauch vu Kanner. Zu Lëtzebuerg géifen et den Ament 69 net begleete mannerjäreg Réfugiéë ginn. Déi Zuel huet e Freideg d’Unicef genannt.

auto_stories

1 min

©ECPAT

Ronn 200.000 mannerjäreg Syrer sinn 2015 an Europa agereest. Virun allem net begleete Mannerjäreger sinn engem méi grousse Risiko vu sexueller Exploitatioun ausgesat, esou d'Associatioun géint de Mëssbrauch vu Kanner (ECPAT).

Zu Lëtzebuerg géifen et den Ament 69 net begleete mannerjäreg Réfugiéë ginn. Déi Zuel huet e Freideg d’Unicef genannt no Ofsprooch mat den Associatiounen a Strukturen um Terrain. An e puer Méint kéinten dat der schonn 100 sinn. Am Verglach sinn zu Lëtzebuerg eng 1000 Mineure placéiert, wat also 10 Prozent dovunner ausmaache géif.

D’ECPAT rifft dofir zur Virsiicht op. Zu Lëtzebuerg misste spezifesch Strukture fir den Accueil an de psychosoziale Suivi vun deene Kanner an d’Liewe geruff ginn, esou den Thomas Kauffmann vun ECPAT. D'Regierung soll eng Strategie entwéckelen esou den Appel.

Den Direkter vun ECPAT Thomas Kauffmann am Gespréich mam Gil Goebbels: