Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - Sick In The Head

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech soen net: Ech si géint d'Ofschafe vun Duebelmandater"

Gemengewahlen

"Ech soen net: Ech si géint d'Ofschafe vun Duebelmandater"

Engersäits wieren d'Buergermeeschtere méi no um Terrain. Dat wier an der Chamber vu Virdeel, mengt den Inneminister Dan Kersch. Mä d'Erfahrung an der Chamber wier och nëtzlech fir d'Aarbecht an de Gemengen.

auto_stories

2 min

Inneminister Dan Kersch (LSAP)

Dem Dan Kersch (LSAP) no misst ee sech eng Partie Froe stellen, iert een d'Duebelmandater géif ofschafen.

"Wann dat Argument richteg ass, wann ee Buergermeeschter vun enger Gemeng ass, da muss ee sech dorop konzentréieren. Dann heescht dat awer net nëmmen, datt net en Deputéierten dierf Buergermeeschter sinn. Mä dann heescht dat jo awer och, datt een net dierf als Dokter, zum Beispill als Häerzdokter, moies um oppenen Häerz operéieren an da mëttes Buergermeeschter sinn. Oder dierf en Affekot da Buergermeeschter sinn? An da bleiwen herno just nach d'Fonctionnairen, déi kënne Buergermeeschter sinn. Ech wëll awer net an engem Staat liewen, an deem just nach Fonctionnairë Buergermeeschter sinn."

Lëtzebuerg wier ze vill e klengt Land, fir d'Gemengepolitik komplett vun der Nationalpolitik ze trennen, esou den Inneminister.

Referendum iwwert Gemengefusiounen

Dem CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler seng Propos, fir an der nächster Legislaturperiod en nationale Referendum zum Thema Gemengefusiounen z'organiséieren, wier keng nei Iddi vun der CSV. Se wier och net gutt duerchduecht, mengt den Dan Kersch. De Generalsekretär Laurent Zeimet vun der CSV hätt dem Claude Wiseler seng Propos och ewell relativéiert. D'Konzept vum nationale Referendum wier net kompatibel mat der Charte européenne de l'autonomie locale, déi Lëtzebuerg als éischt Land an der EU ënnerschriwwen hätt.

"Zweetens mengen ech, datt et vun der Approche net richteg ass, datt d'Bevëlkerungsmajoritéit am Süden an am Zentrum vum Land soll decidéieren, wéi d'Leit am Norden an am Oste sollen zesummeliewen. Dofir mengen ech, datt déi Iddi keng gutt ass. Jidderee ka sech ieren. Ech mengen och, datt de Spëtzekandidat vun der CSV mëttlerweil agesinn huet, datt e besser hätt, sech zu deene Saachen z'äusseren, wou e wierklech Bescheed weess. Hei weess en et offensichtlech net."

Gemengenautonomie fërderen

"Ech wäert deen éischten Inneminister sinn, dee säi Pouvoir vis-à-vis vun de Gemenge wäert verklengeren", seet den Dan Kersch. Eng vun de Prioritéiten am leschte parlamentaresche Joer virun den nächste Landeswahle wier d'Promotioun vun der Gemengenautonomie. Dat och bei de Gemengefusiounen. Dës dierften, dem Dan Kersch no, net vun uewen erof vun der Regierung imposéiert ginn.