"Ech si gespaant, wat de Staatsrot dozou seet", esou den 82 Joer ale Jurist a laangjärege President vun der Institutiounekommissioun an der Chamber. "Ech kéint mer ganz gutt virstellen, datt de Staatsrot seet, bleift beim Projet wéi e virlouch", huet de Paul-Henri Meyers erkläert.
D'Fro, ob déi rezent Decisioun vun den dräi Majoritéitsparteien a vun der CSV geholl gouf, fir kee Referendum iwwert d'Verfassung mussen z'organiséieren, konnt de Paul-Henri Meyers iwwerdeems net kloer beäntwerten.
D'Changementer an de Positioune vu senger Partei, der CSV an de leschte Méint beim Thema Verfassung hätt hien net verstanen, esou nach de fréieren Deputéierten.
De Paul-Henri Meyers deelt d'Analys, datt eng Verfassung eppes Evolutives ass, an och nei Elementer wéi zum Beispill de Klimaschutz kéinten an d'Grondgesetz stoe kommen.
"Et muss een awer gutt oppassen: et kann een net eng Verfassung schreiwen a soen d'nächst Joer ännere mir se erëm. Et muss eng gewësse Stabilitéit do sinn an et muss e sech och eens sinn, datt wesentlech Elementer net liichtfankeg geännert ginn. Datt een nei Iddien era bréngt, jo. Mee nach muss ee wëssen, wat een dorënner versteet: wat versteet een ënner Klimaschutz, wéi kann ee juristesch déi Notioun do faassen a wéi kann een déi an engem valabele juristeschen Text ausdrécken. (...) Et muss ee bei der Verfassung ëmmer oppe si fir all Diskussiounen déi rabruecht ginn, ganz egal vu wéi enger Partei datt se kommen."
Eng Moderniséierung an dräi Schrëtt
An der Chamber gëtt de Moment un enger geplangter Moderniséierung vum Grondgesetz geschafft, fir déi ronn 40 Punkte sollen ofgeännert ginn. Déi véier grouss Parteien haten Enn November decidéiert, datt et keng ganz nei Verfassung soll ginn.
D'Verfassung soll an dräi grousse Bléck moderniséiert ginn huet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry ugekënnegt. De Volet Justiz soll schonn am Laf vum nächste Joer an der Chamber kënne gestëmmt ginn, esou de Kommissiounspresident. Déi aner béid grouss Bléck wieren d'Institutiounen an déi ëffentlech Rechter a Fräiheeten.
Donieft sollen d'Titele vun alle Kapitelen am Grondgesetz moderniséiert ginn. Dem Alex Bodry no géif et d'Ziel bleiwen e koherenten Text ze schafen. Dem LSAP-Politiker no géifen d'Diskussioune konstruktiv lafen: et wier een op engem Wee, deen zum Ziel wäert féieren.
Dem CSV-Deputéierte Léon Gloden no wier et keng "onméiglech Missioun" mat der geplangter Verfassungsreform an Etappen, e koherenten Text ze schafen.
Kritik vun déi lénk
Mat der Decisioun vun der CSV an den dräi Majoritéitsparteien, keng komplett nei Verfassung ze maachen, hätte si sech an der Däiwelskiche beginn, esou den Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum. DP, LSAP an déi gréng géife - senger Meenung no - gutt Meenung zum béise Spill maachen.
Dem Marc Baum no wier ee vun de grousse Virdeeler vum Text fir eng ganz nei Verfassung gewiescht, datt en och eng nei Struktur fir d'Grondgesetz presentéiert hätt: Elo wier eng systematesch Approche vill méi schwéier, mengt den Oppositiounsdeputéierten.